lb fr pt en
Kontakter . Contacts  
22. Januar 2019

Dateschutz

Engagement iwwert d’Vertraulechkeet vun Äre perséinlechen Daten

De Service Kommunikatioun a Press sammelt esou wéineg wéi méiglech Daten iwwert Iech. Fir Iech déi richteg Informatiounen ze liwweren, oder wann Dir ons Hëllef op bestëmmte Säiten ufrot, kann et passéieren, datt mir e puer perséinlech Date brauchen.
De Service Kommunikatioun a Press behandelt Är perséinlech Date gewëssenhaft a verséchert sech, datt Är Privatsphär geschützt ass. Hei sinn ons dräi Engagementer, déi d’Vertraulechkeet vun Ären Date betreffen:

Esou wéineg wéi méiglech
Mir ginn Är perséinlech Daten ni ouni seriéise Grond un Drëtter weider.

Verantwortungsvollen Ëmgank
Mir behidden a behandelen Är perséinlech Daten esou, wéi wann et ons eege wieren.

Transparent Benotzung
Mir benotzen Är perséinlech Daten nëmme fir déi Zwecker, déi hei drënner beschriwwe sinn.

Wéi eng Websäite si vun dëser Politik betraff?

Dës Regele sinn op enger Rei vun Internetsäiten ëmgesat, déi op onsem zentrale Server gespäichert sinn. Et sinn dat de Moment dës Domainer:

aerzbistum.lu, archeveche.lu, cathol.lu, centrejean23.lu, churches.lu, cj23.lu, eglises.lu, eglisesouvertes.lu, irmine.lu, kierch.lu, kierchen.lu, kirchen.lu, lsrs.lu, nuit-des-cathedrales.org, oppekierchen.lu, pelerinages.lu, reech-eng-hand.lu, religions-luxembourg.lu, theorias.net, yes2family.lu

Aner Säiten, déi vu Mataarbechter vum Äerzbistum verwalt an op verschiddene Plaze gespäichert ginn, sinn net betraff. Wann Dir Informatioune wëllt, da musst Dir d’Dateschutz-Politik direkt beim Gerant ufroen, deen Dir op der “Kontakt”-Säit vum Website fannt.

Dës Regele betreffen och net déi intern Zougäng (Intranet a Content Management System) vun de Mataarbechter vum Äerzbistum.

Wéi eng perséinlech Date späichert de Service Kommunikatioun a Press?

Mail-Adress

Mir späicheren Är Mail-Adress fir Iech kënnen ze äntweren, wann Dir ons iwwert onsen Online-Hëllef-System kontaktéiert. Dës Informatioun gëtt no 3 Méint geläscht.

Mir späicheren se och, fir Iech Newsletteren ze schécken, wann Dir Iech dorop abonnéiert hutt. Dës Informatioun gëtt esou laang gehalen, wéi Dir ons Newslettere kritt. Dir kënnt Iech ofmellen andeem Dir déi Method benotzt, déi ënnen an all Mail steet.

Telefons-Nummer

Mir späicheren Är Telefons-Nummer wann Dir iwwert onsen Online-Hëllef-System gefrot hutt, datt een Iech soll uruffen. Dës Informatioun gëtt no 3 Méint geläscht.

Numm a Virnumm

Mir späicheren Ären Numm a Virnumm, wann Dir ons iwwert onsen Online-Hëllef-System kontaktéiert. Dës Informatioun gëtt no 3 Méint geläscht.

Mir späicheren se och, fir Iech Newsletteren ze schécken, wann Dir Iech dorop abonnéiert hutt. Dës Informatioun gëtt esou laang gehalen, wéi Dir ons Newslettere kritt. Dir kënnt Iech ofmellen andeem Dir déi Method benotzt, déi ënnen an all Mail steet.

Aktivitéit am Zesummenhank mat onsen Newsletteren

Mir späicheren, wat Dir mat onsen Newslettere maacht, déi Dir per Mail geschéckt kritt: wéi oft Dir e Mail krut, wéi oft Dir de Mail opgemaach hutt (mat Datum/Auerzäit), op wéi eng Linken Dir geklickt hutt (mat Datum/Auerzäit). Dës Informatioune ginn no 3 Méint geläscht.

Ufroe fir Hëllef

Mir späicheren Är Froen an onsem Online-Hëllef-System, an och d’Manéier, wéi mir Iech geäntwert hunn. Dës Informatioune ginn no 3 Méint geläscht.

IP-Adress

Mir späicheren Är IP-Adress fir Hacking vun onse Säiten ze erkennen, fir Verbindungsproblemer nozevollzéien an ze léisen, a fir op eventuell Ufroe vum Parquet vu Lëtzebuerg ze äntweren. Dës Informatioun gëtt no 10 Deeg geläscht.

Benotze vun eise Websäiten

Déi Detailer hei driwwer, a Kombinatioun mat Cookien, erlaben ons ze gesinn wéi ons Websäiten, ons Servicer benotzt ginn a wat d’Leit interesséiert. Dëst erlaabt et ons, ons Offer ze verbesseren. Dës Informatioune ginn no 38 Méint geläscht.

Informatiounen zu engem Online-Don fir d’Fondatioun Sainte-Irmine

Wann Dir een Online-Don fir d’Fondatioun Sainte-Irmine maacht, späichere mir: äre Numm a Virnumm, är Postadress, är Mailadress, de Betrag deen Dir gespend hutt, fir wéi e Projet Dir gespend hutt. Dës Informatioune ginn no 10 Joer geläscht.

Informatiounen an interaktive Formulairen

Fir fannt op verschidde Säiten interaktiv Formulairen. Wat do gefrot gëtt ass ganz verschidden. Et ass un de Responsable vun deene Säiten fir kloer ze beschreiwen wéi se mam Dateschutz emginn. Wann déi Informatioune feelen, da mellt dat onsem Dateschutz-Delegéierten (dataprotection@cathol.lu), w.e.g. mat präziser Info op wéi enger Säit dat ass.

Wéini gi mir Är Informatiounen un anerer weider?

De Service Kommunikatioun a Press entwéckelt d’Majoritéit vu senge Systemer selwer a schafft nëmme mat Partenairen zesummen, déi onse Standard vu Sécherheet a Vertraulechkeet erfëllen. Är Date ginn nëmmen a folgende Fäll un Drëtter weiderginn:

Ons Servicer offréieren oder duerchzéien

Wann Dir online fir d’Fondatioun Sainte-Irmine spend, kréien d’Administrateure vun där Fondatioun är Daten. Onsen Service Comptabilitéit kritt déi Daten och matgedeelt (an zwar vun ärer Bank).

Mir benotze Servicer a Servere vun der Firma Infomaniak Network mat Sëtz zu Carouge (CH). D’Informatioune ginn op hiren eegene Servere gespäichert, an déi stinn exklusiv an der Schwäiz. Infomaniak Network erfëllt d’EU-Dateschutzbestëmmungen.

Mir benotze Statistiken, Online-Formulairen an Online-Stockage vun der Firma Google, mat Sëtz zu Mountain View (US). D’Informatioune ginn op Servere gespäichert, déi net onbedéngt an Europa stinn. Google respektéiert de “Privacy Shield Framework”, e Mechanissem, deen déi amerikanesch Firmaen un europäesch a schwäizer Dateschutz-Ufuerderunge bënnt.

Mir benotzen Online-Stockage vun der Firma Soundcloud mat Sëtz zu London (UK). Soundcloud erfëllt d’EU-Dateschutzbestëmmungen.

Eng legal Obligatioun ausféieren

En Uerder vum Parquet vum lëtzebuerger Geriicht kann ons zwéngen, Är Daten un d’Police vu Lëtzebuerg weiderzeginn. Mir äntwerten op keng Uerderen aus dem Ausland.

 

Kann ech meng perséinlech Date kontrolléieren?

Dir kënnt Iech vun onsen Newsletteren ofmellen, andeem Dir d’Method ausféiert, déi ënnen an all Mail steet.

Dir kënnt zu all Moment d’Läsche vun Ären Date per Email un dataprotection@cathol.lu froen. Mir engagéieren ons, dat an enger raisonnabeler Zäit vun e puer Deeg ze maachen. Dir sidd Iech bewosst, datt et ka bis zu 30 Deeg daueren, bis all Är Date vun allen onse Backup-Systemer geläscht sinn.

Wéi garantéiert Dir d’Sécherheet vu menge perséinlechen Daten?

Aus Sécherheetsgrënn gi mir keng Detailer iwwert ons Sécherheetspolitik. Mir kënnen Iech awer e puer Saache matdeelen, déi et ons erlaben, Är perséinlech Daten ze behidden:

  • Mir verschlësselen all ons Websäiten, fir d’Injektioun vu béisaartegem Code ze verhënneren, deen Är Identitéit klaue kéint, andeem Informatioune vun Ärem Computer gelies ginn.
  • Mir verschlësselen Är perséinlech Daten, déi Dir ons iwwert elektronesch Formulairë schéckt.
  • Mir halen Daten déi näischt mateneen ze dinn hun a getrennten Datebanken.
  • Mir benotzen déi neiste Verschlësselungs-Techniken, fir ze verhënneren datt een Informatiounen offänkt.
  • Ons Mataarbechter si forméiert a gi regelméisseg op déi bescht Praxis higewisen, fir d’Vertraulechkeet vun Äre perséinlechen Daten ze garantéieren.
  • Ons Internet-Servere sinn an engem Datenzenter an der Schwäiz, deen exklusiv vun onsem Partner Infomaniak Network benotzt gëtt. Si sinn duerch e puer Couchë vu Software a physikalescher Sécherheet geschützt. D’Sécherheet gëtt regelméisseg vu spezialiséierte Firmae getest, fir Lächer ze erkennen ier se konnten ausgenotzt ginn.

Gëtt et automatesch Decisiouns-Prozesser oder Profiller?

De Service Kommunikatioun a Press akzeptéiert keng Decisioun, déi duerch automatesch Profiller getraff gëtt.

 

Benotzungspolitik fir Cookien

Wat ass e Cookie?

Cookie sinn temporär gespäichert kleng Text-Fichieren, déi beim Besiche vun onse Websäiten op Ärem Computer, Tablette oder Smartphone gespäichert ginn. Mat den Informatiounen aus deene Fichiere kënne mir Iech identifizéieren, wann Dir onsen Online-Hëllef-System benotzt. Mir benotzen och Cookie fir ze verstoen, wéi ons Websäite benotzt ginn a fir se ze verbesseren.

Wéi eng Cookie benotzt Dir?

Numm vum CookieDauerGesat vunFirwat
cookieAccepted 12 Méint Service Kommunikatioun a Press Ären Accord fir Cookie späicheren
lz_userid 10 Deeg Service Kommunikatioun a Press Iech bei der Online-Hëllef identifizéieren
lz_login_group 10 Deeg Service Kommunikatioun a Press Eng Chat-Verbindung bei der Online-Hëllef opmaachen
lz_user_did 10 Deeg Service Kommunikatioun a Press Eng Chat-Verbindung bei der Online-Hëllef opmaachen
_ga 38 Méint Google Net-Nominativ Statistik iwwert gekuckte Säite maachen
_gat 38 Méint Google Net-Nominativ Statistik iwwert gekuckte Säite maachen
_gid 38 Méint Google Net-Nominativ Statistik iwwert gekuckte Säite maachen

Erlaabt Dir Cookie vun Drëtten?

D’Service-Firmaen déi mir benotzen erlaben eventuell anere Firmae Cookien op äre Computer ze setzen, fir Informatiounen iwwert är Online-Aktivitéiten oder äert Material zu sammelen. Des Cookie lafen ënnert der Dateschutz-Politik vun deenen Drëtten. D’Astellung vun ärem Internet-Browser erlaabt Iech Cookie vun Drëtt-Firmaen ze blockéieren.

Dir kënnt eventuell Cookie vun Drëtte begéinen

  • andeem Dir Formulairen ausfëllt Dir mir op Google Drive stockéieren;
  • andeem Dir e Video kuckt dee mir op Google YouTube stockéieren;
  • andeem Dir eng Tounspur lauschtert déi mir op Soundcloud stockéieren.

Den Dateschutz-Delegéierte (“Data Protection Officer”) vum Äerzbistum

Hien ass den interne Garant fir d’Anhale vun den Dateschutz-Regelen am Äerzbistum. Hien huet déi néideg Ressourcen, fir seng Roll ouni Interessekonflikt auszeféieren, am Respekt vun den Obligatiounen a gudde Praktiken, déi den Äerzbistum am Kader vum Schutz vun de perséinlechen Daten uwent.

Säit dem 25. Mee 2018 ass den Här Uwe FRANZEN den Dateschutz-Delegéierten. Hie ka per Email op dataprotection@cathol.lu kontaktéiert ginn.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu