lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Biissen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 2. Februar, um 9 Auer aus der Kierch vu Biissen iwwerdroen. De Biisser Kannergesank a Jugendgrupp hunn ënnert der Leedung vum Jean-Marie Bock gesongen. Musikante waren Armand Bleser, Triny Gorza, Sylvie Hagen, Elisabeth Jacobs, Cathy Steichen, Max Urbany.
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp bestinn aktuell aus 76 Memberen tëschent 6 an 22 Joer. Zu hiren Haaptaktivitéite gehéiert den alljährleche Musical ëm Christi-Himmelfahrt, bei deem Kanner a Jugendlecher zesummen Theater spillen, sangen, danzen an d’Leit begeeschteren (dëst Joer den 20., 22. an 23. Mee). D’Radiosmass sangen d’Kanner an déi Jugendlech zesumme fir déi 17. Kéier. Zum Schluss vun all Joer, fuere si an der Päischtvakanz op Blankenberge, wou si 5 schéin an onvergiesslech Deeg verbréngen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Agangslidd | Dann brauchen sie ein Licht | Markus Hottinger |
---|---|---|
Kyrie | Jésus berger | Jacques Berthier / Didier Rimaud |
Gloria | Alles huet Gott gemaach | Hartmut Wortmann |
Alleluja | Halleluja | Siegfried Fietz |
Credo | Ja, das glaube ich | Hannes Minichmayr |
Gowelidd | D’Lidd vum Brudder | Jugendlechen aus Jugoslawien / Ferdy Fischer |
Sanctus | Santo, santo, santo (aus der Misa Popular Salvadoreña) | Guillermo Cuellar |
Anamnèse | Geheimnis vum Glawen | |
Vater unser | Notre père | Benjamin & Thomas Pouzin |
Agnus Dei | Schalom, Friede sei mit euch | Siegfried Fietz |
Kommuniounslidd | You raise me up | Rolf Lovland |
Schlusslidd | Kommt, mir ginn eis d‘Hand | trad. / Gast Ternes |
Chouer: Biisser Kannergesank a Jugendgrupp
Dirigent: Jean-Marie Bock