lb | fr | pt | en |
Um 2. Faaschtesonndeg gouf d’Mass vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 13. Mäerz gëtt vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Op der Uergel spillt de Carlo Philippe. Kantor ass den Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass vun Habscht
Op dësem 2. Sonndeg vun der Faaschtenzäit feiere mer d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht.
Den zweete Faaschtesonndeg huet och nach d’Bezeechnung ’Reminiscere’ [Reminiscere miserationum tuarum = „Denk an dein Erbarmen, Herr“ (Ps 25,6)]
Den Organist vun dësem Sonndeg ass de Carlo Philippe. Hien ass bestuet a wunnt zu Iewerleng. En ass zënter 34 Joer Organist an der Gemeng Useldéng a säit 10 Joer Organist an der Gemeng Réiden/Atert. Doriwwer eraus hëlleft hien awer och als Organist aus, wou e gebraucht gëtt. De Carlo Philippe war Schüler vum fréieren Doumorganist Professer Carlo Hommel a vum Professer Maurice Clement.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Präludium in C | F. Mendelssohn Bartholdy |
---|---|---|
Kyrie | Herr Jesus, du Sohn des lebendigen Gottes | Mag 495/4 |
Gloria | - | - |
No der Liesung | Selig, die bei dir wohnen Herr | LD 148 |
Alleluia | - | |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Orgel-Choral “Jesu, meines Lebens Leben” | Johann Ludwig Krebs |
Sanctus | Elévation Nr.32 zum Sanctus aus Messe XVII | |
Sanctus | LD 342 | |
Anamnes | Geheimnis des Glaubens | LD 262 |
Agnus Dei | Orgel-Choral “Christe, du Lamm Gottes” BWV 619 | J.S. Bach |
Agnus Dei | gebied | |
Kommioun | Orgel-Choral “O Mensch, bewein dein Sünde” BWV 622 | J.S. Bach |
Schlusslidd | Du bass eis Hoffnung | LD 521 |
Sortie | Orgel-Choral “Wir danken dir, Herr Jesu Christ” BuxWV 224 | D. Buxtehude |
- Archiv
- D’Sonndesmass gouf vun Uewerwampech iwwerdroen
- D’Mass um 33. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Colmer-Bierg iwwerdroen
- D’Mass vum 12. Mäerz gouf vu Mäertert iwwerdroen
- Op ’Wäisse Sonndeg’ gouf d’Sonndesmass vun Uespelt iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf aus dem Haaptmann’s Schlass vu Berbuerg iwwerdroen