lb fr pt en
Personalia  
16. November 2022

De Paschtouer Romain Richer krut de Schlëssel vun der Dikricher Kierch

Freides owes, den 11. November 2022

Symbolesch fir all d’Schlëssele vun de Kierchen aus der Par „Dikrich Le Bon Pasteur“, huet den Abbé Romain Richer freides owes, den 11. November 2022 de Schlëssel vun der Dikricher Kierch vum Prësident vum CGP 11, dem Här Jean-Jacques Schaeffer, iwwerreecht kritt.

Vill Leit hunn sech deen Owend zesummen afonnt, fir esou bei der Installatioun vum neie Paschtouer an der Aféierung vun der Pastoraléquipe dobäi ze sinn. D’Mass gouf vun eisem Generalvikar, dem abbé Patrick Muller gehalen an se ass encadréiert ginn vun der „Chorale Sainte-Cécile Diekirch“, ënnert der Leedung vum Här Raymond Majerus an dem Här Maurice Clement op der Uergel. Uschléissend un d’Mass ass den Owend mat enger Agape ofgeschloss ginn.

Zanter dem September 2022 schaffen d’Paren „Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul“ an „Dikrich – Le Bon Pasteur“ zesummen. Als zwou eegestänneg Pare bleiwen se bestoen, awer et ass eng gemeinsam Pastoraléquipe, déi fir déi zwou Paren zoustänneg ass. Zwou Paren, eng Pastoraléquipe, ee Wee a virun allem eng Missioun: d’Verkënnegung vum Evangelium!
Et ass sécher keen einfache Wee, deen et elo heescht zesummen ze goen. Awer mat der Hëllef vu ville Mënschen a virun allem mam Härgott Sengem Seegen, gëtt mat vill Vertrauen an d’Zukunft gekuckt

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu