lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
17. August 2023

Wat geet dat eis un?

Kommentar zum 20. Sonndeg am Joreskrees vum Martine Regenwetter (20.8.2023)

De Jesus dee mir am Evangelium vun haut gesinn, schéngt net zu eise Virstellungen ze passen. En ass – à première vue- net deen, deen op d’Leit duergeet, deen se heelt, hier Laascht erliichtere well, hinne bäistoe well. Dësen Text fuerdert eis eraus. E fuerdert och eis Kierch eraus, déi de Jesus vill ze oft als softe Wellness-Jesus duerstellt, deen ëmmer léif mat eis ass an eis net an eise Virstellungen oprësele kënnt.

Wisou ass de Jesus sou ofweisend zu der Fra, datt hien sech net zou hier dréint, mol net fir se fort ze schécken? Et ass an engem éischte Moment esou, wéi wann si Loft fir hie wier.

Oft gëtt gesot, de Jesus wousst den Detail vu senger Missioun net (Lk 2,52) an d’’Kananäerin huet him gehollef ze verstoen, datt Gott hien net nëmme bei d’erwieltent Vollek Israel schéckt, mee bei all Mënschen. Dat ass méiglech, stellt mech awer net zefridden, wann ech drun denken, datt de Jesus scho beim Matthäus am Kapitel 8, laang virun der Episod vun haut (Mt 15), den Dénger vun engem réimeschen Zenturio geheelt a vrum Doud gerett huet, ouni ze zécken, obwuel se net zum Vollek Israel gehéiert hunn.

Wisou also des barsch Reaktioun vum Jesus?

Vläicht läit d’Äntwert am Kontext. Effektiv fënnt just virun der Begéinung mat der Fra eng Debatte mat de Pharisäer an en Enseignement vun der Mënschemass statt zum Thema „réng oder onreng“. De Jesus ënnersträicht do mat Vehemenz, datt et manner op äusser Ëmstänn wéi op d’Astellung am Häerz ukënnt. Sou zitéiert hien de Jesaja: „Ce peuple m’honore des lèvres, mais son coeur est loin de moi. C’est en vain qu’ils me rendent un culte, car les doctrines qu’ils enseignent ne sont que préceptes d’hommes“ (Mt 15,8-9) Hien erkläert hinnen, datt net dat wat si ëmgëtt si onreng mécht, mee d’Gedanken an d’Astellungen an hirem Häerz, wa si sech net Gott zougewandt an sech op Hien ausgeriicht hunn. D’Jünger verstinn de Jesus net, de Péitrus freet, e soll hinnen seng enigmatesch Wieder erklären.

A genau dat mécht de Jesus, an der Begéinung mat der Kananäerin: si ass fir d’Judden eng Heedin, deemno mécht de Kontakt mat hier onreng, well si selwer onreng ass, doduerch datt se net zum Vollek Israel gehéiert. Also dierf ee guer net an de Kontakt mat hier goen: de Jesus mécht wéi wann si Loft wier a weist domat de Jünger, wat et heescht hiren Usiichten an Traditioune vu réng an onreng nozegoen: nämlech konkret: keng Barmhärzegkeet fir des Fra an hiert Kand wat vun engem Dämon heemgesicht gëtt. Da leiden se eben, dat geet mech näischt un, well si sinn Heeden. Kann dat de Wëlle vu Gott sinn? Sécher net, an dat ass et, wat Jesus senge Jünger mat dëser anschaulecher a krasser Method well weisen.

Allerdéngs erënnert et mech schrecklech un d’Positioun vu villen Europäer vis-à-vis vun deenen déi am Mëttelmier erdrénken: si gehéieren net zu eis, also wat geet et eis un. Och an der Kierch fille vill Mënschen sech net gesinn, net wëllkomm. Mee se sinn all Kanner vum selwechte Gott. Loosse mer eis vum Jesus oprëselen an an e bessert Mateneen féiren, lauschtere mer op de Poopst, deen op de JMJ ennerstrach huet: „An der Kierch ass Platz fir jiddereen, jiddereen, jiddereen!" [1]

[1„En la Iglesia hay lugar para todos, todos, todos!“

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu