lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
30. Oktober 2023

Wat mécht e Mënsch glécklech?

Kommentar zu Allerhellegen vum Gérard Kieffer (1.11.2023)

Et ass sécher keen Zoufall, dass grad op Allerhellegen am Evangelium vum Matthäus iwwer Gléckséilegkeet geschwat gëtt. De Jesus huet hei an enger vun sengen éischten ëffentleche Riede praktesch de Programm vu sénger gudder Botschaft virgestallt.

Wat mécht e Mënsch glécklech? 

Wéini war ech fir d’läscht richteg glécklech - glécklech mat dem waarme Gefill, dass ech mat menge Léifsten a mat mengem Liewe villäicht och mat mengem Glawen am Renge sinn?

An de Séilegpreisungen, déi just virun der Biergpriedegt kommen, schwätzt de Jesus vun den Aarmen, vun deenen déi hongereg sinn an deenen, déi traueren. Där ginn et der vill. De Jesus huet se begéint a wosst vun hirer Nout. Entgéint vu munche spiritualiséierenden Interpretatioune sinn tatsächlech déi gemengt, déi guer näischt hunn an och keng Muecht a Méiglechkeeten, sech dat ze beschafen, wat se fir hiert (Iwwer-)Liewe brauchen. Dës Mënschen als séileg ze bezeechne kléngt bal zynesch.

Wéi kann een dat verstoen, wann hinnen d’Ëmdréie vun dëse Verhältnisser versprach gëtt? Si wäerte gesiedegt sinn a laachen - jo, mee wéini? Sollen se hiert Leed stëll a bescheiden erdroen an der Hoffnung, nom Dout « am Himmel » dofir belount ze ginn? Tatsächlech ass dat oft esou interpretéiert ginn - och fir d’ Herrschaftsverhältnesser esou ze behale, wéi se waren.

No deem, wat an der Bibel vum Jesus sengem Liewen iwwerliwwert gëtt, huet hie mat senge Rieden a mat deem, wat hie gemaach huet, kloer gemaach, dass et e gutt Liewen fir jidderee soll ginn. All Mënschen sinn d’selwecht wäert an hunn déi selwecht Würd. D’Bild vum Festmahl, zu deem jiddereen invitéiert ass a wou fir jidderee Plaz ass, ass e sympathescht Bild heivir. An et gi grad déi erageholl, déi um Rand, un de Grenze vun der Gesellschaft stinn - wat fir e Kontrast am Vergläich zu de Mauere ronderëm d’Festung Europa! Duerch seng Praxis vum Heelen, vum Deelen, vum Befreien a vum Feiere mécht de Jesus däitlech, dass dëst Gottes-Räich schonn haut an elo ufänkt. An d’Mënsche sinn opgefuerdert, sech heivir ze engagéieren. Wann also déi Aarm, déi Hongereg an déi, déi trauere séileg a glécklech genannt ginn, dann ass dat kee Vertréischten op eng aner, mee eng schaarf Kritik un dëser Welt mat hirer ongerechter Realitéit.

Mat de Séilegpreisungen seet de Jesus: Et mécht absolut Sënn, sech fir dat Gutt ze engagéieren, och wann eisen Alldag eis heiansdo eppes Anescht seet. Méiglecherweis war dat och d’Motivatioun vun den éischten Hellegen, déi souguer hiert Liewe fir méi Gerechtegkeet op d’Spill gesat hunn. D’Fest vun Allerhellege kann esou zu engem neien Impuls fir eng besser Welt ginn, fir méi Hoffnung a manner ängschtlechen Egoismus.

Mir gi villäicht net direkt Helleger, wa mir eis mat eise Mëttele baarmhäerzeg weisen, eisen Honger an Duuscht no Gerechtegkeet an der Praxis doduerch weisen, dass mir eis amëschen, wou Onrecht geschitt, fir friddlech Léisungen astoen a mat der Hoffnung, déi mir als Chrëschten hunn, anerer tréischten.

Awer mir sinn dann um gudde Wee - mat aneren - a maachen dat, un dat mir gleewen.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu