lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Weiler zum Tur iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 5. Mee, um 9 Auer aus der Kierch vu Weiler zum Tur iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Weiler zum Tuerm & Haassel huet ënnert der Leedung vum Horatiu Dragan gesongen, op der Uergel huet d’Simone Appelbaum-Goebel begleet.
img8277|center>
Chorale Sainte Cécile Weiler zum Tuerm & Haassel
De Gemëschte Chouer Weiler&Haassel, deen an dëse Méint mat en etlech spezielle Manifestatiounen Gëllene Jubiläum feiert, hat säin éischten Optrëtt fir Chrëschtdag 1969, no 8 Joerzengte Männergesangveräin. Am Aklank mat de liturgeschen Texter droen déi 16 aktiv Sängerinnen a Sänger méistëmmeg Gesäng vir bei de Gottesdéngschter am Rhythmus vun all 14 Deeg, bei Begriefnesmassen an Hochzäitsfeieren. Fir festlech Uläss oder Concerten gi besonnesch uspriechend Programmer opgestallt. D’Prouwe si mëttwochs um 19:30 Auer am Veräinhaus zu Haassel.
Fir all Informatioune sollt een nofroe bei der Presidentin (Tel. 23660009) oder dem Sekretär (Tel. 23668675).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Grand jeu en fa majeur | Guillaume Lasceux |
---|---|---|
Agangslidd | Par toute la terre | A. Lavardez / Communauté de l’Emmanuel |
Kyrie | Kyrie Eleison - Messe de Saint François Xavier | AELF / Communauté du Chemin Neuf |
Gloria | Gloire à Dieu, Paix sur la Terre | Gail Cowle, Adaptation Gocam |
Alleluja | Quand il disait à ses amis | Didier Rimaud, Jo Akepsimas |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Grace alone | S.W. Brown, J. Nelson, Arr. Tom Fettke |
Sanctus | Saint, Dieu de l’Univers | Bertrand Bayle, Claude Bernard |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu qui prends nos péchés | Pierre Damon, Jean Servel |
Kommuniounslidd | Fais paraître ton jour | Jacques Berthier, Didier Rimaud |
Schlusslidd | Heaven is a wonderful place | Spiritual, Arr. Lorenz Maierhofer |
Sortie: Uergel | Sortie Brève No. 4 | Jos. Kinzé |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Weiler zum Tuerm & Haassel
Dirigent: Horatiu Dragan
Organist: Simone Appelbaum-Goebel