lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 15. Januar gouf vu Réimech iwwerdroen
De 15. Januar, gouf d’Sonndesmass vu Réimech iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech gesong. Dirigent war de Roby Pauly, Organist de Patrick Wilwert. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech
D’Chorale Ste Cécile vu Réimech gouf am Joer 1848 gegrënnt. Aktuell zielt si nach 18 aktiv Memberen. Si sangen all Sonndeg d’Houmass, donieft Hochzäits- a Begriefnesmassen.
Geprouft gëtt donneschdes owes an der Kierch vun 20.00-21.30 Auer. D’Chorale kritt vill Komplimenter gemat, mee dovunn eleng kann e Veräin net liewen; et giff si freeën, wa sech stëmmbegabte Leit entschléisse wéilten, dem Chouer bäizetrieden, well soss a noer Zukunft kee schéine Gesank méi vum Duxall erof erkléngt. A wéi sot den Hl. Augustinus: „Wie séngt, biet duebel!“
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Lobt Gott, ihr Christen, allzugleich, BWV 609 | Johann Sebastian Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Kommt, singt dem Herrn ein Lied | Borroughs/Huff |
Kyrie | Missa brevis in C | Robert Jones |
Gloria | Missa brevis in C | Robert Jones |
Alleluia | Louange et gloire | Jean-Jo Roux |
Gowelidd | Christ hier, Christ aujourd’hui | Jean-Paul Lécot |
Sanctus | Missa brevis in C | Robert Jones |
Anamnes | Jésus, nous rappelons ta mort | Jean-Paul Lécot |
Agnus Dei | Missa brevis in C | Robert Jones |
Kommioun | Panis Angelicus | Claudio Casciolini |
Schlusslidd | Nun danket all | Mg 267 |
Sortie | Präludium in A, BWV 536 | Johann Sebastian Bach |