lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
17. Mee 2023

Eng nei Politik no Christi Himmelfaart

Kommentar zu Christi Himmelfahrt von Jean-Jacques Flammang (18.5.2023)

Eng nei Politik no Christi Himmelfaart

A sengem Buch « Composer un monde en commun. Une théologie politique de l’anthopocène » kommentéiert den Ekonomist a Jesuittepater Gaël Giraud seng Visioun fir d’Welt a geet dobäi och op d’Himmelfaart vu Jesus an. Hien mëscht drop opmierksam, datt den hellege Lukas gläich zweemol vun dëser Himmelfaart schreift, an d’Akzenter jeeweils aneschters geluecht huet. Esou kréie mer um Enn vum Lukasevangelium matgedeelt, datt Jesus virun den Aen vun senge Jünger, nodeems hien si geseent hat, an den Himmel opgeholl ginn ass. Mat dëser Himmelfaart gëtt et de Jünger kloer: Jesus ass elo an d’Härlechkeet agaangen, säi Wierken a seng Léier si ganz vu Gott ugeholl. Hie sëtzt rietzerhand vum Papp, deen all Muecht huet, wéi et spéider am Credo ausgedréckt gëtt. D’Jünger briichten just nach op hien ze kucken, fir ze wëssen, wat si elo a sengem Numm ze maachen hunn. « Und sie waren immer im Tempel und priesen Gott », heescht et dann och am leschte Saz vum Lukasevangelium.

Am Ufank vun der Apostelgeschicht kënnt den Lukas dann awer nach eng Kéier op d’Himmelfaart ze schwätzen. An hei mëscht hien op eppes opmierksam, dat hien net esou am Evangelium ënnerstrach huet. Wéi soll et elo no der Opersteeung vu Jesus weidergoen? Ass mat der Himmelfaart Jesus elo endgülteg als herrschende Kinnek op den Troun gesat? Hei heescht et viirsichteg ze sinn: Jesus léist seng Jünger wëssen: « Euch steht es nicht zu, Zeiten und Fristen zu erfahren, die der Vater in seiner Macht festgesetzt hat. Aber ihr werdet die Kraft empfangen, wenn der Heilige Geist auf euch herabkommen wird; und ihr werdet meine Zeugen sein (...) bis an die Grenzen der Erde ».

Et ass also net einfach esou, datt Jesus a säin Evangelium elo alles géifen festleeën an iwwert d’Zukunft géifen entscheeden. Et geet hei net vum Troun Rieds, Jesus gëtt éischter hiren Aen entzunn. « Eine Wolke nahm ihn auf und entzog ihn ihren Blicken. »

Et ass ewéi wann fir si elo eng nei Zäit géif ufänken. Sécher ass Jesus a säi Message duerch d’Himmelfaart voll a ganz vu Gott bestätegt, wéi et um Enn vum Evangelium heescht, awer domat ass net gesoot, datt d’Jünger elo keng Verantwortung méi bréichten ze iwwerhuelen, datt elo einfach alles schonn fest géif leien, wat d’Zukunft vun der Mënschheet ugeet. Am Géigendeel, et ass elo un de Jünger ze handelen. De Lukas ernimmt ausdrécklech den Olivebierg, vun deem si zeréck op Jerusalem musse goen, esou wéi wann hien willt dat an Erënnerung ruffen, wat op Gethsemani geschitt ass, wéi Jesus zum Papp gebiet huet: « Nicht mein, sondern dein Wille soll geschehen », a wéi hien seng Jünger, déi geschlof hunn, opgefuerdert huet: « Steht auf und betet, damit ihr nicht in Versuchung geratet! »

Am Ufank vun der Apostelgeschicht leet de Lukas esou den Akzent drop, datt d’Jünger no der Himmelfaart opzestoen hunn, ouni d’Gebiet ze vernoléissegen. Si brauchen net weider an den Himmel ze kucken, do wou Jesus verschwonnen ass, mee si mussen zeréck op Jerusalem, dann a ganz Judäa, a Samaria an an ganz Welt goen, fir Zeien vum Jesus ze ginn.
Mat der Himmelfaart ass Jesus vu Gott bestätegt, mee domat ass d’Zil nach net erreecht. D’Jünger, an iwwerhaapt déi ganz Mënschheet ass erausgefuerdert elo dat, wat Jesus ugefaangen huet, weider ze féieren. An esou kann dann och eng ganz nei Politik fir d’Mënschheet entstoen, déi op déi nei Erausfuerderungen vun haut am Geescht vu Jesus äntwerte kann. Esou eng Politik huet den Gaël Giraud ausgeschafft, a firwat sech net mat hier ausenanersetzen an enger Zäit wou et u Neiem, Richtungweisendem a Politik, Gesellschaft a Kierch happert.

Jean-Jacques FLAMMANG SCJ
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu