lb fr pt en
150 Joer Diözes Lëtzebuerg . 150 ans diocèse de Luxembourg  
3. Dezember 2019

Kierchen a Kléischter an der Stad

Kierchentour „Eis Kierche verzielen“

Wärend laange Joerhonnerten huet d’Liewen an der Stad sech am Rhythmus vun de Klacke vun de Kierchen a Kléischter ofgespillt. Eng Partie vun deenen ale Gotteshaiser si verschwonnen, anerer sinn an d’Plaz komm. De Kierchentour proposéiert eng Rees an hir Geschicht, vu fréier bis haut.

Wéi d’Benediktiner d’Geschicht vun der Stad geprägt hunn

Sonndeg 2. Februar, 16.00, Église Saint-Jean am Gronn

Am Joer 1083 ass d’Abtei (Al-)Mënster um haitege Plateau Altmünster gegrënnt ginn, ier se 1606 als Neimënster an de Gronn geplënnert ass. Och d’Kierch Saint-Jean ass deemools nei opgebaut ginn. Vum Benediktiner-Klouschter iwwert de Prisong zum moderne Kulturzentrum, d’Abtei ass d’Abtei bliwwen.

  • D’Patricia Sulser, Konschthistorikerin, verzielt d’Geschicht vu Kierch an Abtei.
  • D’Christiane Kremer-Hoffmann, Theologin, LSRS, geet op d’Bedeitung vun der Benediktinerabtei an der Stad an.
  • De Paul Breisch, Titularorganist vun der Kathedral, fëllt de Raum mat Uergelkläng.

Vum Helleg-Geescht-Klouschter erof an de Pafendall

Sonndeg, 1. März, 16.00 Auer, Kapell vum Pafendaller Hospiz

Do wou haut d’Cité judiciaire ass, stoung am Mëttelalter e Fraeklouschter, dat der Plaz den Numm „Helleg Geescht“ ginn huet. Wéi d’Festung ausgebaut gouf, hunn d’Schwëstere musse wäichen a si hunn am Pafendall en neit Klouschter baue gelooss, wat nach bis haut am Gebrauch ass: den Hospice civil du Pfaffenthal, deen elo e wonnerschéint a modernt Fleegeheem ass.

  • D’Christiane Bis, Archäologin a Chargée d’études dirigeante vum Service d’archéologie médiéval et post-médiéval vum Centre national de recherche archéologique (CNRA) geet op di laang Geschicht vum Helleg-Geescht-Klouschter an.
  • D’Mireille Sigal, Pastoralreferentin vun der Par Lëtzebuerg Notre-Dame, schwätzt iwwert d’Fraekléischter an hir Roll an der Gesellschaft.
  • De Jean-Léon Dewalque, Sonneur de cornemuse, mécht Musek um Duddelsak, op der Flütt a mam tin whistle.

Mat der Veréierung vu Maria sicht eis Stad no Halt a schwéieren Zäiten

Sonndeg 8. Mäerz, 16.00 Auer, Glaciskapell

Am Joer 1624, an Zäite vun Nout, Pescht a Krich, huet de Jesuitepater Jacques Brocquart eng Mariestatu virun de Paarte vun der Stad opstelle gelooss: dat war den Ufank vun enger laanger Traditioun, déi bis haut weidergeet: d’Veréierung vu Maria, besonnesch wärend der Oktav.

  • D’Cynthia Colling, Archäologin a Chargée d’études vum Centre national de recherche archéologique (CNRA), geet op d’Geschicht vun der aler Glaciskapell an.
  • Den Abbé Patrick Muller, Rektor vun der Glaciskapell, féiert duerch d’Kapell an där ënnert anerem déi éischt Bëscheef vu Lëtzebuerg begruewe sinn a spillt Uergelstécker op der Truhenuergel.

Uewen an ënnen, fréier an haut: Kierchen a Kléischter an der Stad

Aktivitéiten am Kader vun 150 Joer Diözes Lëtzebuerg & 25 Joer Lëtzebuerg UNESCO Weltkulturerbe (partie du programme officiel 25 ans Lëtzebuerg patrimoine mondial)

Organisatioun

Luxembourg School of Religion & Society
ErwuesseBildung asbl
an Zesummenaarbecht mat der Por Lëtzebuerg Notre-Dame

Kierchen a Kléischter an der Stad
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu