lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
10. März 2019

Wou Christus lieweg ass, do ass d’Sënd dout!

Bëschofswuert fir d’éischterlech Bousszäit 2019

Léif Schwësteren a Bridder,

Ech freeë mech fir kënne mat Iech zesummen an dës éischterlech Bousszäit anzetrieden. Jo, ech freeë mech doriwwer, well déi 40 Deeg vu Virbereedung op d’Fest vun Ouschtere si jo eng bewosst an intensiv Hiféierung op dat, wourop et an eisem Liewen als Chrëschten ukënnt: op eng déif an trei Léift zum Herrgott an zum Matmënsch.

Fir datt äis dat geléngt, ass et néideg, äis an aller Éierlechkeet ze froen, wat äis dovunner ofbréngt, ob bewosst oder onbewosst. Dann erkenne mir, wou mir als Eenzelen an als Kierch eng Bekéierung am Sënn vun enger echter Ëmkéier brauchen.

Eng authentesch Demarche vu Bekéierung huet wuel eppes Schmäerzleches u sech, well si äis mat eiser Sëndhaftegkeet konfrontéiert. Am leschte féiert si äis awer an eng nei a lieweg Bezéiung zum Herrgott an zu eise Schwësteren a Bridder, déi eng Quell vu Freed ass.

Wéi Dir wësst, stoungen déi lescht Woche fir d’Kierch net am Zeeche vun der Freed, mee an deem vun der Schan. Mir hunn der Wourecht an d’A gekuckt, datt eenzel Vertrieder vum Klerus sech op eng schänterlech Manéier u Kanner a Jonke vergaang hunn. Ech veruerteelen dës Verbriechen, déi der Justiz mussen iwwerstallt ginn, op d’Schäerfst. Mat Schimmt froen ech d’Affer ëm Verzeiung an ech versécheren Iech, datt mir alles maachen, wat mir kënnen, fir de Risiko vun esou kriminellen Iwwergrëff esou kleng wéi méiglech ze halen.

Um Beispill vum Mëssbrauch a senger Vertuschung gëtt fir äis Chrëschten och op eng skandaléis Aart a Weis däitlech, wat fir eng zerstéierend a pervers Kraaft d’Sënd huet. Si bedeit e schlëmmen a leedvolle Broch am Liewensprojet vun engem Mënsch, si entstellt de Bléck op d’Hellegkeet vum Herrgott a si fügt dem Läif vu Christus schrecklech Wonnen zou.

D’Sënd steet am Déngscht vum Doud. Si degradéiert de Mënsch, si niéiert d’Gréisst an d’Guttheet vum Herrgott a si hëlt der Kierch hir Glafwierdegkeet.

Si steet domat an direktem Widdersproch zu all deem, wat Christus der Welt bréngt: nämlech Liewen an Heel. D’Sënd an all hire Formen ass ni harmlos a mir dierfe si ni op déi liicht Schëller huelen.

Wa mir äis dofir an dëse Wochen duerch Besënnung, Bouss, Verzicht, Gebiet a Beicht ënnerlech erneieren, dann ass dat méi wéi d’Fleeg vun enger aler Faaschtepraxis. Et ass een erprouften an noutwennege Wee, fir vun der Sënd lasszekommen an äis an den Déngscht vum Liewen ze stellen. Dem Herrgott säi Wëllen ass et jo, datt de Mensch lieft. De Proféit Ezechiel léisst den Herrgott soen: „Ech hu kee Gefalen um Doud vum Schëllegen, ech wëll datt hien ëmkéiert an um Liewe bleift“ (vgl. Ez 33,11).

D’Faaschtenzäit ass dofir eng privilegéiert Geleeënheet, fir duerch Ëmkéier méi bewosst dem Herrgott säi Wëllen ze erfëllen. Am „Vater Unser“ biede mir all Dag, datt säi Wëlle geschéie soll. Mir bieden also, datt de Mënsch „um Liewe bleiwe soll.“

Vill Mënsche sinn duerch Aarmut, Krankheet, Ëmweltzerstéierung, Diskriminéierung, Verfolgung a villen aneren Ursaachen an hire Liewensméiglechkeete staark ageschränkt, jo, esouguer akut bedreet. Et gehéiert dofir och zu eisem chrëschtlechen Optrag fir si anzetrieden. Eist Hëllefswierk „partage.lu“ (fréier „Bridderlech Deelen“) wëll deene Schwächste weltwäit bäistoen, fir „um Liewen ze bleiwen“ an der Sënd vun der Ongerechtegkeet de Wert vun der Solidaritéit entgéint ze stellen. Fir all Ënnerstëtzung vun hire Projete soen ech Iech Merci.

Eng aner Suerg, déi ech mat Iech deelen ass, datt och eis Porgemeinschaften um „Liewe bleiwen“.

Nieft der Fleeg vum perséinlechen a kommunitäre Gebiet a vun der Feier vun der Eucharistie spillt déi nei agefouert Porkateches eng eminent Roll. Ech soen allen haapt- an éirenamtleche Katechetinnen a Katecheten, allen Elteren, pastorale Mataarbechterinnen a Mataarbechter an alle Geeschtlechen an Diakonen, déi sech doran engagéieren, mäin häerzleche Merci.

D’Kateches geet äis alleguer un, well si proposéiert de Mënsche vun allen Alterstranchen an d’Intimitéit vu Jesus Christus anzetrieden. Si wëllt eng perséinlech an déif Bezéiung zum Jesus erméiglechen, ouni déi en authentescht chrëschtlecht a kierchlecht Liewen net méiglech ass. Wou Christus lieweg ass, do ass d’Sënd dout!

Et gi vill Méiglechkeeten, fir Iech an der Kateches mat anzebréngen: duerch d’Deelhuelen un der „Catéchèse pour tous”, duerch Mathëllef bei der Animatioun, duerch den Témoignage vun Arem Glaf, duerch den Opbau vun enger Jugendpastoral, duerch d’Fërderung vun enger „Willkommenskultur” fir Leit, déi en neie Kontakt mat der Kierch sichen a villes méi. Wa Christus an äis lieweg ass, dann ass et äis dach en Häerzensuleies, fir Hien ze bezeien an et ass eis gréisste Freed, wann nei Mënschen, klenger a grousser, un Hie gleewen!

Nieft der Liewegkeet vun eise Glawensgemeinschafte suerge sech der vill vun Iech och ëm de Weiderbestand vun eise Gotteshaiser. Déi nei gesetzlech Regelunge fir d’Notzung an den Ënnerhalt vun eise Kierchen a Kapelle bréngen et mat sech, datt mir all musse vill méi dozou bäidroen, datt si weiderhi fir de Gottesdéngscht erhale bleiwen. Ech zielen dobäi op Är Generositéit.

Wa mir äis der neier Realitéit éierlech stellen, da wësse mir awer och, datt mir net iwwer déi néideg Mëttel verfügen, fir all Kierch kënnen ze erhalen. Mir triede fréier oder spéider och do an e schmäerzleche Prozess an, fir Kierchen un deene mir hänken, fir de Gottesdéngscht mussen opzeginn. Och wann d’Entweiung nëmmen déi lescht Mesure ka sinn, wa mir all aner Pisten erschëpft hunn, esou ass si op kuerz oder laang net iwwerall ze verhënneren. Déi Leit, déi an den neien Organer vum Kierchefong no gangbare Weeër an dësem Zesummenhang sichen, dierfen op meng Ënnerstëtzung zielen. Ech soen hinnen e grousse Merci an hirer net liichter Missioun.

Léif Schwësteren a Bridder,

Mir sinn an dësen Zäiten Zeie vu grousse Verännerungen an der Kierch an an der Gesellschaft. Fir datt mir si an engem positive Geescht begleeden a gestalten, brauche mir déi permanent Réckbannung un den Här vun der Kierch a vun der Zäit. Nëmme vun Him hier kritt alles säi Sënn a säin Zil. Mir wëlle mat eiser Patréinesch, der Tréischterin am Leed, bieden, datt dem Herrgott säi Wëllen an allem geschitt. Säi Wëllen ass et, datt mir liewen. Dozou soll Hien äis hëllefen an dozou ermuddegen ech Iech mat mengem bëscheefleche Segen.

Lëtzebuerg, um Fest Kathedra Petri, den 22. Februar 2019

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’éischterlech Bousszäit 2019
PDF 751.5 kio, 5. März 2019
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu