lb | fr | pt | en |
Op Halleffaaschten gouf d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 27. Mäerz gouf vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Kantor ass de John Weber. Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer, Organistin d’Katarína Strajtová. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass ’Laetare’ - ’Free dech’
Och op Halleffaaschten gëtt d’Mass aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroën. „Laetare“ – „Free Dech“. Mir stinn mam Halleffaaschtesonndeg scho vill méi no bei der Karwoch. A just virdrun gi mer drunn erënnert, dass no allem Schrecklechen, wat op de Jesus duerkënnt, d’Ouschterliicht schon erduerchliicht.
Duerfir gëtt aus dem däischtere Violett bei de liturgesche Kleeder jo een zaart Rosa. An am Liicht vun Ouschteren gi mer opgeruff, äis ze bekéieren. Et ass nie ze spéit, ee Wee mat Gott ze goën. Duerfir soll de Refrain vum Ufankslidd äis encouragéieren: « Et repartir à zéro, Et repartir à zéro, Avec Jésus pour berger. Et repartir à zéro, Et repartir à zéro, Avec Jésus pour berger. »
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Tu peux naître de nouveau | Issu du recueil « J’aime l’Eternel vol. 1 » |
Kyrie | Kyrie XVII | LD 341 |
Gloria | - | - |
Ruff virum Evangelium | Lob sei dir, Herr | Magn. 173-1 |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Choralvorspiel « Herzliebster Jesu » | J. Brahms |
Sanctus | Sanctus XVII | LD 342 |
Agnus Dei | Agnus XVII | LD 343 |
Kommioun | Perinbaba | Petr Hapka* |
Schlusslidd | Du aus Davids Stamm geboren | LD 532 |
Sortie | Triumpfmarsch nach Jerusalem | Robert W. Thygerson |
* Op der Uergel: Katarína Strajtová
- D’Sonndesmass gouf vu Fenteng iwwerdroen
- D’Mass um 2. Ouschtersonndeg gouf aus der Kierch vun Uespelt iwwerdroen
- D’Mass um 1. Oktavsonndeg gouf aus der Mäerteskapell vun der Kasär Grand-Duc Jean iwwerdroen
- D’Mass vum 17. Oktober gouf vu Réiser iwwerdroen
- D’Sonndesmass mam Kardinol Jean-Claude Hollerich gouf op Ouschtere vu Bruch iwwerdroen