lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 5. Faaschtesonndeg gouf vu Reisduerf iwwerdroen
Den 17. Mäerz gouf d’Houmass vu Reisduerf iwwerdroen. D’Chorale Bettenduerf / Reisduerf huet ënnert der Direktioun vum Fernand Scheller gesong, begleet op der Uergel vum Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Lellig / Manternach
De Chouer vu Reisduerf, deen 1945 gegrënnt gouf an de Chouer vu Bettenduerf, deen 1899 gegrënnt gouf, sangen d Radiosmass ënnert der Leedung vun hirem gemeinsamen Dirigent Fernand Scheller.
Eis Organistin ass Tamara Rosselet.
Déi zwee Chéier sange säit dem Joer 2000 zesummen. Mir zielen 18 Memberen a prouwen all Dënschdeg. Mir sange kierchlech a weltlech Lidder zu villen Geleeënheeten.
All neie Member ass häerzlech wëllkomm.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Toccata seconda | Girolamo Frescobaldi |
---|---|---|
Agangslidd | Treie Jousef, gudden Papp | Abbé Jos Schmit |
Kyrie | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Tëschegesank | Der Herr hat uns befreit | Magn. |
Lob Dir Christus, König und Erlöser | Magn. 562 | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Sancte Joseph | Schweitzer |
Sanctus | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Anamnes | Jesus fir dech liewen ech | F. Scheller |
Vater unser | Eise Papp am Himmel | L. Krein |
Agnus Dei | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Kommiounslidd | Du bist, O Herr, das Lebensbrot | Gérard Karm |
Schlusslidd | Gelobt und gepriesen seist du | Pierre Boever |
Uergel: Sortie | Dédication | Dom Pol Benoît |