lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
27. Februar 2023

Fir eng Kierch am Opbroch

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2023

Léif Bridder a Schwësteren am Glawen,

No der Pandemie ass et gottseidank nees méiglech, eraus ze goen, Mënschen ze begéinen an och uechter d’Welt ze reesen. Dat gëllt och fir d’Kierch, besonnesch mat Bléck op hiert Wiesen an op hier Missioun. De Poopst François huet dat esou formuléiert: „In der Treue zum Vorbild des Meisters ist es lebenswichtig, dass die Kirche heute hinausgeht, um allen an allen Orten und bei allen Gelegenheiten ohne Zögern, ohne Widerstreben und ohne Angst das Evangelium zu verkünden. Die Freude aus dem Evangelium ist für das ganze Volk, sie darf niemanden ausschließen.“ (EG 23)

Dëst Apostolescht Schreiwes Evangelii Gaudium – Die Freude des Evangeliums hat de Poopst François virun 10 Joer als Ofschloss vum Joer vum Glawen (2013) verfaasst. Seng beandrockend Analys vun der Situatioun vun haut huet un Aktualitéit näischt verluer. An enger klorer an erfrëschender Sprooch geet et him drëm, eis ze vermëttelen, wat et heescht, als Kierch en neien Opbroch ze woen.

D’Kierch ass synodal

D’Dynamik vum Opbroch huet weder den aktuelle Poopst nach dat 2. Vatikanescht Konzil erfonnt. Si gehéiert souzesoen zur DNA vun de Gleewegen a vun der Kierch. Si grënnt am Wuert Gottes selwer. Den Abraham z. B. ass dem Opruff vu Gott nokomm, fir an en neit Land opzebriechen. De Moses huet sech vu Gott schécke gelooss, fir säi jiddescht Vollek aus der Sklaverei an Ägypten duerch d’Rout Mier an d’Fräiheet ze féieren. D’Prophéiten hu sech vu Gott schécke gelooss a seng Botschaft verkënnegt, sief et geleeën oder ongeleeën.

Leschtlech ass fir eis Chrëschten dem Jesus selwer säi Missiounsoptrag verflichtend: „Dofir gitt a maacht aus alle Vëlleker Jünger“ (Mt 28,19).

Goen, zesummen (syn-) um Wee (-hodos) sinn, op anerer zougoen, zesummen op d’Wuert Gottes lauschteren, am Hellege Geescht bieden an discernéieren, wat déi nächst Schrëtt sinn, déi zesummen ze maache sinn, dat ass vun Ufank un eng grondleeënd Charakteristik vun der Kierch. Dat ass déi synodal Kierch, vun där de Poopst Franziskus schwätzt, eng „Église en sortie“.

D’Kierch ass kee Selbstzweck

Europa an d’Welt ginn duerch eng schwéier Zäit. De Klimawandel, d’Pandemie an elo zanter engem Joer de militäreschen Ugrëff vu Russland op d’Ukrain hunn nohalteg Suitten. D’Suergen an d’Ängschte vu ville Mënsche vis-à-vis vun der Zukunft si grouss. Grad an dëser Zäit, an där d’Mënschen Hoffnungsperspektive brauchen, sinn awer vill Reliouns-gemeinschafte selwer an der Kris an hunn u Glafwierdegkeet verluer. Mat Bedauere musse mir unerkennen, datt et Phase gouf, an deenen d’Kierch sech als perfekt, mächteg an triumphéierend méi selwer gefeiert huet, wéi datt si am Déngscht vu Gott a vun de Mënsche stoung. Iwwerdriwwe Muecht an Autoritéit vu Kierchemänner a -fraen hunn zu spirituellem oder sexuellem Mëssbrauch geféiert. Eng transparent Opaarbechtung dovun, wéi och eng konsequent Preventiounsaarbecht um strukturellen, wéi um personellen Niveau, ass amgaang a gëtt och weidergefouert. Mee och de Glawe selwer ass an der Kris. Do stellt sech d’Fro vum Selbstverständnis vun der Kierch a vun hirer Missioun.

D’Kierch an d’Fraternité universelle

Den Hellege Franz vun Assisi huet am 12. Joerhonnert an engem Bréif all Mënschen als seng Bridder, als seng Schwëstere bezeechent an hinnen en einfache Liewensstil nom Evangelium proposéiert.

An deem Sënn huet eise Poopst Franziskus direkt am 1. Saz vu senger Enzyklika Fratelli tutti (2019) op d’Zil vun der Missioun vun der Kierch higewisen: eng weltwäit Fraternitéit oder universell Bridderlechkeet mat alle Mënschen, besonnesch deenen Aarmen an deenen, déi um Rand stinn, duerch e Liewen, dat dem Evangelium entsprécht. D’Kierch muss sech selwer als um Wee gesinn, mat de Bridder a Schwëstere vun anere chrëschtleche Konfessiounen, wéi och vun anere Reliounen, jo esouguer mat deenen, déi net gleewen. Gott huet eis all geschaf an hien huet déi selwecht Léift fir all Mënsch.

Niewent der Verantwortung fir all Mënschen hu mir als Chrëschten awer och eng Verantwortung fir d’Schëpfung, déi Gott eis uvertraut huet. Si ass dat gemeinsaamt Haus, an deem mir als Mënschheet wunnen. D’Suerg ëm den Erhalt vun der Ëmwelt gehéiert zur Verkënnegung an zur Missioun vun der Kierch. Mat der éischter Ëmwelt-Enzyklika vun der Kathoulescher Kierch, Laudato si’ (2015), huet de Poopst Franziskus en Theema ugeschwat, dat eis net nëmme mat alle Mënschen op dëser Äerd verbënnt, mee eis och an d’Verantwortung hëlt fir eis Schwëster „Mutter Erde“, déi, ewéi mir, vu Gott geschaf ass. „Diese Schwester schreit auf wegen des Schadens, den wir ihr aufgrund des unverantwortlichen Gebrauchs und des Missbrauchs der Güter zufügen, die Gott in sie hineingelegt hat.“ Ëmweltkatastrophen an d’Äerderwiermung si kloer Zeechen, datt mir e kollektiven Effort maachen an ekologesch ëmkéiere mussen. Grad an der Faaschtenzäit si mir als Chrëschten opgefuerdert, eise Liewensstil zu Gonschte vun Natur an Ëmwelt ze änneren, z.B. doduerch, datt mir méi zu Fouss ginn, méi d’Mobilité douce benotzen an eisen Energiekonsum reduzéieren.

Disciples missionnaires

A senger spiritueller Aféierung op der europäescher Synodeversammlung de 6. Februar zu Prag huet den tschecheschen Theolog Tomáš Halík drun erënnert, wéi déi éischt Chrëschte sech verstanen hunn: als Jünger vum Wee, déi Deem noginn, Dee gesot huet: „Ech sinn de Wee“ (vgl. Joh 14,6). Grad a Krisenzäite gëllt et, dës Visioun nees nei ze entdecken. Den Tomáš Halík sot: „Ich glaube wirklich, dass dieser entscheidende Moment gerade jetzt stattfindet und dass die Hinwendung des Christentums zur Synodalität, die Umwandlung der Kirche in eine dynamische Gemeinschaft von Pilgern einen Einfluss auf das Schicksal der gesamten Menschenfamilie haben kann.“

Op deem Wee, dee Christus mat eis geet, ass et entscheedend, datt mir Him begéinen an op Hien am Hellege Geescht lauschteren.

Scho viru senger Wal virun 10 Joer huet de Poopst dacks op de bekannte biblesche Vers aus der Apokalyps higewisen: „Siehe, ich stehe vor der Tür und klopfe an.“ (Offb 3,20) De Jesus wëll a seng Kierch, an eist Liewen an an eis Häerzer erakommen. Mee haut betount de Poopst Franziskus ëmgedréint, datt de Jesus och vu banne klappt. Hie wëll eraus, a mir mussen him nogoen. Mir mussen iwwer eis geeschteg, institutionell a konfessionell Grenzen eraus bei d’Mënsche goen, besonnesch bei déi Aarm, déi Ausgegrenzt, déi an Nout sinn.

Faaschtenzäit

Léif Bridder a Schwësteren,

um Ufank vun der Faaschtenzäit 2023 wëll ech drun erënneren, datt Bieden, Faaschten an Almose ginn eis perséinlech Frëndschaft mam Jesus an eis universell Verbonnenheet a Fraternitéit mat eise Matmënschen stäerke kënnen. An deem Sënn proposéieren ech Iech dëst:

  • Versicht all Dag wéinstens ee Moment ausdrécklech fir d’Gebiet ze reservéieren: direkt moies fréi oder owes, oder och daagsiwwer. Am Beschten ëmmer zu enger am Viraus festgeluechter Zäit an Dauer.
  • Versicht bewosst Äre Konsum ze reduzéieren. Sief et manner Zäit fir déi modern Medien opbréngen oder och d’Quantitéit vu verschiddene Liewens- a Genossmëttel reduzéieren, wéi z.B. Séisses, Fleesch oder Alkohol, besonnesch op de Freideger.
  • Gesitt e Budget vir, deen Dir fir déi Aarm ausgi wëllt. Sou e Budget kéint och no der Faaschtenzäit fir all Mount festgeluecht ginn. Esou vill Mënschen, Famillen, och elengerzéiend Fraen a Männer mat Kanner hunn Angscht virun der Zukunft a riskéieren an d’Aarmut ze falen oder si si schonn dran.

Ouschtere feiere mir d’Operstéiung vum gekräizegten Här Jesus Christus. Wa mir d’Faaschtenzäit als eng Virbereedungszäit op dat zentraalt Fest vun eisem Glawen eescht huelen, dann ass et wichteg, datt dat eis och ënnert d’Haut geet, datt dat eppes esouwuel mat eisem Geescht wéi mat eisem Kierper mécht.

Nëmme wann ech net permanent saturéiert sinn vun all deem, wat ech an engem Dag a mech ophuelen, schafen ech Plaz fir Christus a mengem Liewen, fir de Matmënsch an Nout an och fir d’Ëmwelt.

D’Faaschtenzäit 2023 huelen ech als e gënschtege Moment wouer, fir meng Frëndschaft mat Jesus Christus nei ze entdecken, fir mäi soziaalt Engagement wéi och mäi Bäitrag zum Ëmweltschutz ze iwwerdenken.

De Motto vun de Weltjugenddeeg elo Ufank August zu Lissabon ass: „Maria stand auf und machte sich eilig auf den Weg.“ Maacht Iech op de Wee wéi Maria, besonnesch Dir léif jonk Frënn! Gitt mat mir a mat ville Jonke vu Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt zesummen op d’Weltjugenddeeg! Pour une Église en sortie – dofir brauch ech Iech.

Maria, d’Mamm vum Jesus, eis gutt Tréischterin a Patréinesch vu Stad a Land, soll eis alleguer mat hirem Beispill a mat hirem Gebiet op deem Wee begleeden.

Jungfrau und Mutter Maria,
vom Heiligen Geist geführt
nahmst du das Wort des Lebens auf,
in der Tiefe deines demütigen Glaubens
ganz dem ewigen Gott hingegeben.
Hilf uns, unser » Ja « zu sagen
angesichts der Notwendigkeit, die dringlicher ist denn je,
die Frohe Botschaft Jesu erklingen zu lassen.

Stern der neuen Evangelisierung,
hilf uns, dass wir leuchten
im Zeugnis der Gemeinschaft,
des Dienstes, des brennenden und hochherzigen Glaubens,
der Gerechtigkeit und der Liebe zu den Armen,
damit die Freude aus dem Evangelium
bis an die Grenzen der Erde gelange
und keiner Peripherie sein Licht vorenthalten werde.

Mutter des lebendigen Evangeliums,
Quelle der Freude für die Kleinen,
bitte für uns.
Amen.

(Aus dem Schlussgebiet vun Evangelii gaudium, 288)

Lëtzebuerg, den 11. Februar 2023
Gedenkdag vun Notre-Dame de Lourdes a Weltdag vun de Kranken

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2023
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu