lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
19. September 2015

Reech eng Hand – Reech Deng Hand: Kommt, loosse mir als Chrëschte reagéieren!

Pastoralbréif vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich iwwert den Accueil vu Flüchtlingen

Léif Schwësteren a Bridder a Christus,

Zënter Méint si Männer, Fraen a Kanner, déi virum Krich an dem Misär flüchten, an enger dramatescher Situatioun. Op d’Gefor hin, hiert Liewen ze loossen, probéiere si iwwer d’Mier an aner Weeër an Europa ze kommen, fir hei Schutz ze sichen. Dausende Leit – déi als eenzege Bagage d’Hoffnung haten, eng Plaz ze fannen, wou si a Fridde liewe kënnen – hunn op hirem leschte Wee hiert Liewe verluer.

Europa probéiert all deenen, déi hiert Land verloosse mussen, eng Hëllef ze bidden, dëst op Basis vu sengen internationalen Engagementer, fir d’Grondrechter vum Schutz vu jidder Mënsch ze garantéieren. Als gleeweg Leit huet fir äis dësen Elan vu Solidaritéit säin Urspronk am Geheimnis vun eisem Glawen. Fir äis Chrëschten ass d’Aart a Weis, wéi de Jesus de Mënschen un der Grenz begéint d’Beispill, deem mir nofollege sollen. „Amen, ech soen iech: Wat dir fir ee vun deene mannste vu menge Bridder gemaach hutt, dat hutt dir fir mech gemaach.” (Matthäus 25,40)

De Poopst seet äis: „Jesus ist ‘der Evangelisierende schlechthin und das Evangelium in Person’ (Apostolisches Schreiben Evangelii gaudium, 209). Seine Sorge, besonders für die am meisten Gefährdeten und an den Rand Gedrängten fordert alle auf, sich der Schwächsten anzunehmen und sein leidendes Angesicht vor allem in den Opfern der neuen Formen von Armut und Sklaverei zu erkennen. Der Herr sagt: ‘Ich war hungrig, und ihr habt mir zu essen gegeben; ich war durstig, und ihr habt mir zu trinken gegeben; ich war fremd und obdachlos, und ihr habt mich aufgenommen; ich war nackt, und ihr habt mir Kleidung gegeben; ich war krank, und ihr habt mich besucht; ich war im Gefängnis, und ihr seid zu mir gekommen’ (Mt 25, 35-36). Aufgabe der Kirche, der Pilgerin auf Erden und Mutter aller, ist es daher, Jesus Christus zu lieben, ihn anzubeten und ihn zu lieben, besonders in den Ärmsten und den am meisten Vernachlässigten; zu ihnen gehören gewiss die Migranten und die Flüchtlinge, die versuchen, harte Lebensbedingungen und Gefahren aller Art hinter sich zu lassen.“ [1]

Dësen Appell hu mir all héieren an ech proposéieren Iech, datt mir äis zesummen op de Wee maachen, als Kierch hei zu Lëtzebuerg, fir an dëser dramatescher Situatioun ze hëllefen. Dofir wollt ech an der Mëtt vun eiser Kierch de Projet “Reech eng Hand – Reech Deng Hand” initiéieren. Reeche mir d’Hand all deenen, déi Affer vun dëser humanitärer Katastroph sinn! Dëse Projet befaasst sech mat der Fro vum Accueil vun de Flüchtlingen an deenen, déi Asyl froen, hei zu Lëtzebuerg. Ech invitéieren Iech, als chrëschtlech Gemeinschaft, als reliéis Kongregatioun, ze bieden an nozedenken iwwer Är Méiglechkeete vun Engagement an ech maache mir den Appell vum Poopst Franziskus zu eegen, dee freet, datt all Por eng Famill ophëlt.

Fir dëse Projet virunzebréngen, wënschen ech, datt all Porgemeinschaft eng Equipe vu Benevolë schaaft an eng Kontaktpersoun designéiert, fir de Lien mam diözesanen Aarbechtsgrupp z’assuréieren.

Dësen Aarbechtsgrupp ass agesat ginn, fir de Projet z’entwéckelen an ze coordinéieren. Hie wäert d’Poren an d’Institutioune beim Ausschaffe vun hire lokale Projeten zu dësem Thema ënnerstëtzen.

Konkret, wat kënne mir maachen?

Méi Dimensiounen wäerten entwéckelt ginn:

  • D’Dimensioun vum Accueil, dee besonnesch den Empfank an d’Begleedung vun de Flüchtlinge betrëfft, déi an der Porgemeinschaft liewen, fir esou d’Integratioun an den Alldag z’erliichteren, andeem datt mir eis Zäit offréieren, eis Frëndschaft…
  • De Beräich vum Logement: Ech invitéieren d’Gemeinschaften an d’Privatpersounen, déi Logementer hunn, déi eidel stinn, dës fir eng bestëmmten Zäit als Opfankstruktur ze verlounen. Ech riichte mech un d’Kierchefabriken, déi Terrainen hunn: Denkt iwwer d’Méiglechkeet no, dës fir eng gewëssen Zäit zur Verfügung ze stellen, sou datt hei provisoresch Logementer installéiert kënne ginn. Ech invitéieren all d’Leit, déi eidel Wunnengen hunn, dës mam Garantien ze verlounen.
  • All dëst kann nëmmen duerch eng verstäerkten Zesummenaarbecht mat den zivilen Autoritéiten ëmgesat ginn.
  • Eng politesch Dimensioun, wou mir Proposen ausschaffen an an en Dialog mat den Autoritéiten antrieden, fir d’Sécherheetssituatioun vun der ziviler Populatioun ze verbesseren, souwuel an den Heemechtslänner wéi op hirer Flucht.

Zesummen an a solidarescher Verbonnenheet mat der Weltkierch, kënne mir en ambitiéise Programm op d’Bee stellen, fir enger ganzer Partie Leit konkret ze hëllefen. Ech froen Iech dës Initiativ opzegräifen an Iech un dëser Demarche ze bedeelegen, als Por, als reliéis oder aner Gemeinschaft, fir datt mir e wierdegen a mënschlechen Accueil all deenen offréieren, déi bei äis Schutz sichen.

Ënnert den Dausende vu Flüchtlingen, déi an Europa kommen, si vill Chrëschten, déi hiert Land hu misse verloossen, wëll hire Glawen u Jesus Christus Grond vun hirer Verfolgung ass. Si erwaarde vun äis eng bridderlech Hëllef, déi mir hinnen net refuséiere kënnen.

Dacks héieren ech d’Suerg, datt dat chrëschtlecht Europa sech verléiert, wëll et Flüchtlingen ophëlt, déi eng aner Relioun hunn ewéi mir. Ech verstinn déi Suerg, mee dat chrëschtlecht Europa verléiert wierklech dann, wa mir eis Grenzen zoumaachen a wa mir d’Wäerter vum Evangelium net méi liewen.

Ech appeléieren un all Männer a Fraen, déi politesch Verantwortung droen, fir alles ze maache fir de Fridden a fir eng wierklech Friddenspolitik, déi op der Gerechtegkeet baséiert.

Ech appeléieren un déi Verantwortlech vun der Europäescher Unioun, mat deem selwechten Äifer elo déi humanitär Problemer ze léisen, wéi se dat bei de Finanzproblemer gemaach hunn.

E grousse Merci Iech all, datt mir äis zesumme mat alle Fraen a Männer, déi gudde Wëll hunn, fir d’Léisung vun dëser humanitärer Kris engagéieren. Ech wëll besonnesch deene Leit, Porgemeinschaften a reliéise Communautéiten e grousse Merci soen, déi sech scho fir Flüchtlingen engagéiert hunn.

Loosse mir äis net domadder zefridde ginn, just mat Suen ze hëllefen, ma gi mir vun eiser Zäit, eiser Energie…

Kommt, loosse mir als Chrëschte reagéieren!

Lëtzebuerg, de 16. September 2015

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg


[1Message vum Poopst Franziskus: „Kirche ohne Grenzen, Mutter aller“ – 101. Welttag des Migranten und Flüchtlings, 18. Januar 2015.

Bëschofswuert iwwert den Accueil vu Flüchtlingen
PDF 1.2 Mio, 17. September 2015
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu