lb fr pt en de
Messagen a Medien . Messages et médias  
3. Abrëll 2020

Bëschofswuert fir d’Kanner, déi sech op d’éischt Kommioun 2020 virbereeden

Léift Kommiounskand,

Wéi s de sécher scho matkritt hues, kann dëst Joer d’éischt Kommioun net op deem Sonndeg sinn, op deem se geplangt war. Dat ass net flott fir dech, fir deng Famill an deng Frënn, dat ass awer och net flott fir mech, däi Bëschof, an och net fir all d’Leit an denger Par, déi sech mat dir freeën, wann s du d’éischt Kommioun méchs. Mir alleguer hätte léiwer d’éischt Kommioun op deem Datum gefeiert, op deem se virgesi war. Mee datt d’éischt Kommioun elo net si kann, heescht net, datt se ganz ofgesot ass. En neien Datum deelt deng Par der mat, esoubal d’Situatioun et erlaabt.

Du kanns sécher sinn, datt de Jesus an dëser Zäit bei dir ass. Hie freet sech, datt s du dech déi läscht Joren sou gutt op d’éischt Kommioun virbereet hues. Hie waart sécher mat eis drop, datt endlech dee groussen Dag kënnt, op deem hien am Brout ka bei dech kommen.

Bis et esouwäit ass kanns du vun dëser Zäit profitéieren a weider villes vum Jesus gewuer ginn. D’Virbereedung geet weider, just anescht, vun doheem aus.

Du kanns och weider bieden. Ech wier och frou, wann s du mat mir zesummen dat Gebiet biets, wat de Jesus eis geléiert huet a wat s du sécher och scho gutt kanns:

Eise Papp am Himmel, däin Numm sief gehellegt, däi Räich soll kommen, däi Wëll soll geschéien, wéi am Himmel, sou op der Äerd. Gëff äis haut eist deeglecht Brout, verzei äis eis Schold, wéi mir och deene verzeien, déi an eiser Schold sinn. Féier äis net a Versuchung, mä maach äis fräi vum Béisen. Amen.

D’éischt Kommioun gëtt dëst Joer anescht wéi se virgesi war, mee sécher genee sou schéin. Dat Wichtegst deen Dag ass, datt de Jesus seet: “Huelt, Iesst! Dat hei ass mäi Läif.” [1] an datt s du da prett bass, fir de Jesus z’ëmfänken. Ech ënnerstëtzen dech bis dohinn am Gebiet.

Lëtzebuerg, um Pällemsonndeg, de 5. Abrëll 2020

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

[1Matthäus 26, 26 (vgl. Evangelium vun haut, Pällemsonndeg)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu