lb fr pt en
Messagen a Medien . Messages et médias  
19. März 2020

“Ech biede fir jidderee vun Iech”

E Bréif vum Kardinol Jean-Claude Hollerich un d’kierchlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter

Léif Geeschtlech,
léif Diakonen,
léif Mataarbechterinnen,
léif Mataarbechter,

ech wëll Iech dëse kuerze Bréif schreiwen, fir Iech meng Solidaritéit a mäi Gebiet ze versécheren.

Dir hutt et net einfach – all déi vill Méiglechkeeten, déi Dir normalerweis hutt, funktionéieren net an dëser Noutsituatioun. Et ass e groussen Aschnëtt an eis Gesellschaft. Déi ganz Gesellschaft – a mir sinn en Deel dervun – war am Fong geholl drop ugeluecht, datt de Konsum, d’Vakanzen asw. den Zweck vum Liewe wieren. Mir sinn elo brutal drun erënnert ginn, datt mir stierflech sinn, jo, datt esouguer eis Zivilisatioun stierflech ass. Fir de Leit kënnen Hierten ze sinn, musse mir eis selwer an eisem Häerz eiser Stierflechkeet a Begrenztheet stellen a mir mussen Trouscht beim Herrgott fannen, fir datt mir den Trouscht och kënnen deenen anere Leit weiderginn.

De franséische President sot, mir wieren an engem „Krich“ géint de Virus. Wéi d’Vollek Israel am Krich war, huet de Moses d’Äerm ausgebreet an huet gebiet – seng Äerm sinn duerfir extra gestäipt ginn. Eis geet et wéi dem Moses: mir kënnen net an de Krich géint de Virus zéien – dat ass d’Roll vun den zivilen Autoritéiten a vun de Gesondheetsdéngschter. Fir vill vun eis ass et schwéier, näischt maachen ze kënnen an isoléiert ze sinn ewéi de Moses. Trotzdem kënne mir och bieden ewéi de Moses an déi ganz Gesellschaft an eisem Gebiet droen. Dozou gehéiert fir d’Geeschtlech och d’Zelebratioun vun der deeglecher Mass. Dat ass keng Mass ouni d’Vollek, mee eng Mass fir d’Vollek. Well deen, deen eis iwwer Waasser hält, ass de Jesus, gestuerwen an operstanen, dee Jesus, dee fir eis bei sengem Papp antrëtt. Am Gebiet an an der Zelebratioun vun der Mass ass eist Gebiet un dat éiwegt Gebiet vu Christus ugebonnen. Haalt net op Seelsuerger-innen ze sinn! Merci fir déi verschidden Initiative vu Mass a Gebiet iwwer Internet! Merci fir Är pastoral Kreativitéit!

D’Telefonsseelsuerg huet an dëser Zäit e grousse Wäert. Ech encouragéieren Iech, Haaptamtlech an Benevol, en Telefonsdéngscht z‘organiséieren fir déi vill eeler Leit, déi sech eleng spieren an d’Welt net méi verstinn.

Als Lëtzebuerger an als Awunner vu Lëtzebuerg wësse mir, u wee mir eis wende mussen, wa mir dem Herrgott säin Trouscht brauchen: eis Tréischterin am Leed, eis léif Mamm! Si huet eise Virfaren an der Peschtzäit Trouscht gespent; si wäert dat och an der Zäit vum Coronavirus maachen. Hir kënne mir getréischt eis Familljen an eis Heemecht uvertrauen.

Iech alleguerten e grousse Merci an ech biede fir jidderee vun Iech.

Lëtzebuerg, um Fest vum Hellege Jousef 2020.

Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu