lb | fr | pt | en |
23. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 18,15-20
15 De Jesus sot zu senge Jünger: "Huet däi Brudder géint dech gesënnegt, da géi hin a riicht him den Diks, wann s du mat him eleng bass! Lauschtert hien op dech, dann hues du däi Brudder erëmgewonnen.
16 Lauschtert hien awer net op dech, dann huel dir nach een oder zwee Leit mat, well all Affär muss duerch d’Ausso vun zwéin oder dräi Zeie bestätegt ginn.
17 Lauschtert hien och net op si, da so där versammelter Kierch et. Lauschtert hien awer och net op déi, da soll hie fir dech wéi en Heed an e Steierandreiwer sinn.
18 Amen, ech soen iech: Dat, wat dir op der Äerd matenee verbannt, ass och am Himmel matenee verbonnen, an dat, wat dir op der Äerd vunenee lassléist, ass och am Himmel vunenee lassgeléist.
19 Amen, ech soen iech nach eng Kéier: Wann der zwéi vun iech sech op der Äerd eens sinn an iergendenger Saach, a wann si zesummen dorëm bieden, da kréien si se vu mengem Papp am Himmel.
20 Well do, wou der zwéin oder dräi a mengem Numm zesumme sinn, do sinn ech matzen ënner hinnen."