lb | fr | pt | en |
D’Mass um 28. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bauschelt iwwerdroen
De 15. Oktober gouf d’Sonndesmass vu Bauschelt iwwerdroen. De Gesank Gemeng Bauschelt huet mam Dirigent Jang Wio gesong, begleet op der Uergel vum Daniel Roemen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De Gesank Gemeng Bauschelt
De Chouer « Gesank Gemeng Bauschelt » ass ee gemëschte Chouer, zënter 20 Joer ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Jang Wio, an dem Organist/Pianist Daniel Roemen, zënter 30 Joer derbäi. De Chouer verschéinert reliéis Feieren, huet awer och weltlech Optrëtter wéi Galaconcerten, Invitatiounen an Altersheemer asw.. Et gi Lidder aus allen Zäitepochen an och an all Sprooche gesongen.
D’Prouwe sinn ëmmer donneschdes vun 20:00-22:00 Auer.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Entrée an Re Maj. | Justin H. Knecht |
---|---|---|
Agangslidd | Psaume de la Création | Patrick Richard |
Kyrie | Kyrie | Nicole Winandy |
Gloria | Gloire à Dieu | Henry Purcell |
Alleluia | Alleluja | Claude Windeshausen |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Here I am, Lord | Dan Schutte |
Sanctus | Heilig, heilig | LD 241 |
Anamnes | Jesus remember me | Taizé |
Agnus Dei | Mille colombes | Christian Bruhn / Eddy Marnay |
Kommiounslidd | Sehnsucht nach Frieden | Georg Friedrich Händel |
Schlusslidd | Un eis Jongen “1940-45” | René Schmitz |
Uergel: Sortie | Grand Jeu en La Maj. | Jean-Adam Guilain |