lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 22. Januar gouf vu Lellig iwwerdroen
Den 22. Januar gouf d’Sonndesmass vu Lellig iwwerdroen. Et hunn d’Chorales réunies Lellig-Manternach gesongen, Dirigent war de Roby Mehlen, Organist de Marcel Weis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorales réunies Lellig-Manternach
D’Chorale Ste Cécile vu Manternach ass 1893, déi vu Lelleg 1902 als Männerchouer gegrënnt ginn. 1969 ass ënner dem Impuls vum Paschtouer Arthur Joseph Reckinger d’Erweiderung vum Männergesank op gemëschte Chouer geschitt. 1990 hunn déi zwou Choralen dunn decidéiert, zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn.
Eng Zesummenaarbecht, déi bis elo bestens funktionéiert huet. Mir sangen d’Sonndes- an d‘Feierdagsmassen, Begriefnesser an Hochzäiten an donieft awer och weltlech Lidder. Jiddfereen dee Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm fir matzemaachen.
Dirigent ass de Roby Mehlen, iwwerdeems de Norbert Weydert an den Ernest Santer meestens fir d’Uergelbegleedung suergen. D’Teleesmass um Fest vum hl. Antonius, Schutzpatroun vun der Lelliger Kierch, begleet de Marcel Weis, e Lelliger Jong, Titularorganist zu Maacher.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun | |
---|---|---|
Agangslidd | Ein Haus voll Glorie | Joseph Mohr |
Kyrie | Kyrie eleison | |
Gloria | Gloria de Lourdes | Jean-Paul Lécot |
Alleluia | Halleluja….grouss ass séng Léift | |
Gowelidd | Psaume de la création | Patrick Richard |
Sanctus | Give me joy in my heart | Robert Jones |
Anamnes | Wir preisen Deinen Tod | Diethard Zils |
Vater unser | Papp am Himmel | Oskar Gottlieb Blarr |
Agnus Dei | La paix, l’amour, la joie | K. Mayhew |
Kommioun | Viens à la fête | Raymond Fau |
Schlusslidd | Antonius heilger Schutzpatron | |
Sortie | Dialogue | Jean Langlais |