lb | fr | pt | en |
2. Adventssonndeg C
Lk 3,1-6
1 Et war am 15. Joer vum Keeser Tiberius senger Regierungszäit; de Pontius Pilatus war Gouverneur vu Judäa an den Herodes Tetrarch vu Galiläa; dem Herodes säi Brudder, de Philippus, war Tetrarch vun Ituräa a vun Trachonitis, an de Lysanias war Tetrarch vun Abilene;
2 den Hannas an de Kaiphas waren deemools Hohepriister. Dunn huet den Herrgott säi Wuert un de Johannes, dem Zacharias säi Jong, deen an der Wüüst war, geriicht.
3 An de Johannes ass an déi ganz Ëmgéigend vum Jordan eng Daf vun der Ëmkéier verkënnege gaang, fir datt d’Sënnen nogelooss géifen,
4 esou wéi et am Buch vun de Wierder vum Prophéit Isaias geschriwwe steet: Eng Stëmm rifft an der Wüüst: Maacht dem Här säi Wee prett, maacht seng Pied grued!
5 All Schlucht gëtt dann opgefëllt, an all Bierg an Hiwwel gëtt ofgedroen. Dat Krommt gëtt riicht, an déi knubbeleg Weeër ginn ausgeglach.
6 An all Mënsch gesäit d’Rettung, déi vum Herrgott kënnt.