lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

13. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 9,51-62

51 Wéi et un der Zäit war, datt hien an den Himmel opgeholl gi sollt, huet de Jesus sech op de Wee fir op Jerusalem gemaach.

52 Hien huet Buete virun sech hier geschéckt, an dës hunn sech op de Wee gemaach a sinn an en Duerf vun de Samariter gaang, fir alles prett ze maachen, fir wann hie kéim.

53 Ma d’Samariter hunn hien net opgeholl, well hien um Wee fir op Jerusalem war.

54 Wéi d’Jünger Jakobus a Johannes dat gesinn hunn, soten si: “Här, solle mir den Uerder ginn, datt Feier vum Himmel erofkënnt an si opfrësst?”

55 De Jesus awer huet sech ëmgedréit an huet hinne Virwërf gemaach.

56 Du sinn si an en anert Duerf gaang.

57 Wéi si ënnerwee waren, sot een zu him: “Ech wëll dir nokommen, egal wuer s du higees.”

58 Du sot de Jesus zu him: “D’Fiiss hunn Hillechten, an d’Vigel vum Himmel hunn Näschter. De Mënschejong awer huet keng Plaz, wuer hien säi Kapp hileeë kann.”

59 Zu engem aneren awer sot hien: “Komm mir no!” Ma dee sot: “Här, erlab mir, datt ech fir d’éischt higinn a mäi Papp begruewen!”

60 Du sot de Jesus zu him: “Looss déi Doudeg hir Doudeg begruewen! Du awer géi hin a verkënneg dem Herrgott säi Räich!”

61 Nees en anere sot zu him: “Ech wëll dir nokommen, Här, ma erlab mir, datt ech fir d’éischt deenen doheem äddi soen!”

62 Du sot de Jesus zu him: “Keen, deen d’Hand un de Plou geluecht huet an hannerun sech kuckt, entdaacht eppes fir dem Herrgott säi Räich.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu