lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

18. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 12,13-21

13 Ee vun deene ville Leit, déi do waren, huet zum Jesus gesot: “Meeschter, so mengem Brudder, hie soll d’Ierfschaft mat mir deelen!”

14 De Jesus huet him geäntwert: “Mäi léiwe Mann, wien huet mech dann agesat, fir Riichter iwwer iech ze sinn oder fir d’Ierfschaft ënner iech opzedeelen?”

15 Du sot hien zu hinnen: “Passt op an hitt iech virun all Geieregkeet, well och wann e Mënsch am Iwwerfloss huet, hänkt säi Liewen net vun sengem Besëtz of.”

16 An de Jesus huet hinnen e Gläichnes erzielt: "Engem räiche Mann seng Stécker hu vill Fruucht gedroen.

17 Duerfir huet hien iwwerluecht an sech gefrot: ’Wat soll ech maachen, well ech hu keng Plaz méi, wou ech meng Fruucht ënnerdaach brénge kann?’

18 Du sot hien sech: ’Esou maachen ech et: Ech rappe meng Scheieren of, an ech baue méi grousser; do bréngen ech dann all mäi Weess an all meng Gidder ënnerdaach,

19 an da soen ech zu mir selwer: Du hues hei vill Gidder leien, fir e sëllege Joren; Rascht elo, iess, drénk a looss dir et gutt goen!’

20 Den Herrgott awer sot zu him: ’Du Eefalt! Nach an dëser Nuecht gëtt deng Séil vun dir zréckgefrot, a wie kritt dann dat, wat s du opgekéipt hues?’

21 Esou geet et deem, dee fir sech selwer Schätz unheeft, amplaz virum Herrgott räich ze ginn."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu