lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

22. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 14,1a.7-14

1a Wéi de Jesus eng Kéier um Sabbat an engem vun de Pharisäer hiren Ieweschte säin Haus gaang ass fir z’iessen, hunn si hie stänneg am A behal.

7 Well hien an Uecht geholl huet, datt d’Gäscht sech d’Éiereplazen erausgesicht hunn, huet hien hinnen e Gläichnes erzielt. Hie sot:

8 "Wann s du vun engem op eng Hochzäit ageluede gi bass, da sëtz dech net op d’Éiereplaz! Et kéint jo sinn, datt méi en Dichtege wéi s du ageluede gi wär,

9 an datt deejéinege kéim, deen iech agelueden huet, an zu dir soe géif: ’Looss him hei dës Plaz!’ Da misst du ufänken, voll Schimmt op déi lescht Plaz ze réckelen.

10 Neen – wann s du ageluede gi bass, da géi sëtz dech op déi lescht Plaz, fir datt deejéinege kënnt, deen dech agelueden huet, an zu dir seet: ’Mäi Frënd, réckel méi wäit erop!’ Dat ass fir dech dann eng Éier virun all deenen, déi mat dir um Dësch sinn.

11 Well jiddereen, deen sech selwer erhéicht, gëtt erofgesat, a wien sech selwer erofsetzt, dee gëtt erhéicht.”

12 Zu deemjéinegen, deen hien agelueden hat, sot hien: "Wann s du e Mëtteg- oder en Nuechtiesse gëss, da ruff weder deng Frënn nach deng Bridder nach deng Famill nach räich Noperen, fir datt si dech net och nees alueden an datt s du et esou erëmkriss!

13 Neen – wann s du en Iesse gëss, da ruff Aarmer, Krëppelen, Schlammer a Blanner!

14 Da gëss du glécklech, well si et nämlech net hunn, fir dir et erëmzeginn. Du awer kriss et hannescht bei der Operstéiung vun deene Gerechten!"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu