lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

23. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 14,25-33

25 Eng Onmass Leit si mat dem Jesus matgaang. Dunn huet hien sech ëmgedréit a sot zu hinnen:

26 "Wann ee bei mech kënnt, awer net Papp a Mamm, Fra a Kanner, Bridder a Schwësteren an esouguer säin eegent Liewen haasst, da kann hien net mäi Jünger sinn.

27 Wien net säi Kräiz dréit a mir nokënnt, dee kann net mäi Jünger sinn.

28 Wie vun iech, dee wëlles huet, en Tuerm ze bauen, sëtzt sech net fir d’éischt dohinner, rechent d’Onkäschten aus a kuckt, ob hien och genuch huet, fir bis un d’Enn ze kommen?

29 Net datt hien, wann hien d’Fëllement geluecht huet, net amstand ass, den Tuerm fäerdegzekréien, an datt all déi, déi et gesinn, ufänken, de Spott mat him ze dreiwen,

30 a soen: ’Deen doten huet ugefaang, en Tuerm ze bauen, an hien ass net amstand, e fäerdegzekréien!’

31 Oder wat fir e Kinnek geet an de Krich géint en anere Kinnek, ouni sech fir d’éischt dohinzesëtzen an sech mat senge Leit ze beroden, ob hie mat 10.000 Mann deem aneren entgéinttriede kann, dee mat hirer 20.000 op hien duerkënnt?

32 Wann hien dat net kann, da schéckt hien eng Delegatioun bei deen aneren, soulaang deen nach wäit ewech ass, an hie freet ëm Fridden.

33 Duerfir: Wie vun iech sech net vun all senge Gidder lass seet, dee kann net mäi Jünger sinn."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu