lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

32. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 20,27-38

27 Vun de Sadduzäer, déi behaapten, et géif keng Operstéiung, sinn der e puer bei de Jesus komm, an si hunn hie gefrot:

28 "Meeschter, de Moses huet äis virgeschriwwen: Wann engem säi Brudder stierft, deen eng Fra, awer keng Kanner hat, da soll de Brudder déi Fra bei sech huelen an sengem Brudder Nokomme verschafen.

29 Nu waren do siwe Bridder. Deen éischten huet eng Fra bei sech geholl an ass gestuerwen, ouni Kanner ze hunn.

30 Dunn huet deen zweeten

31 si bei sech geholl an duerno deen drëtten, a gradesou déi aner bis dee siwenten, an alleguer sinn si gestuerwen, ouni Kanner ze hannerloossen.

32 Zu gudder Lescht ass och d’Fra gestuerwen.

33 Wiem seng Fra gëtt si dann elo bei der Operstéiung? Si haten si jo alle siwe fir Fra!”

34 Du sot de Jesus zu hinnen: "D’Kanner vun dëser Welt bestueden sech, an si gi bestuet;

35 déi awer, déi et fir wäert fonnt ginn, un där anerer Welt an un der Operstéiung vun den Doudegen deelzehuelen, déi bestueden sech dann net méi, an si ginn dann och net méi bestuet:

36 Si kënnen da jo och net méi stierwen, well si wéi Engele sinn, an als Kanner vun der Operstéiung sinn si Kanner vum Herrgott.

37 Datt awer déi Doudeg erwächt ginn, dat huet och de Moses gewise bei der Därenheck, wéi hien de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob Här genannt huet.

38 Hien ass dach net e Gott vun Doudegen, ma vu Liewegen, well si all liewe fir hien."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu