lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

33. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 21,5-19

5 Wéi der en etlech iwwer den Tempel rieds haten, datt e mat schéine Steng a mat Votivgeschenker gerëscht wär, sot de Jesus:

6 “Et kommen Deeg, wou vun all deem, wat dir hei gesitt, net ee Steen op deem anere gelooss gëtt, an et ass kee Steen do, deen net och nach a Stécker geha géif!”

7 Dunn hunn si hie gefrot: “Meeschter, wéini soll dat da geschéien, an u wat fir engem Zeeche gesäit een, datt et ufänkt?”

8 Hie sot: "Dot uecht, datt dir net verféiert gitt! Et kommen der nämlech vill a mengem Numm, déi soen: ’Ech sinn et!’ an: ’D’Zäit ass komm!’ Laaft hinnen net no!

9 A wann dir vu Kricher an Opstänn héiert, dann erféiert net! Well dat alles muss fir d’éischt geschéien, ma d’Enn kënnt nach net direkt.”

10 Du sot hien zu hinnen: "Si ginn all géinteneen: Vollek géint Vollek a Kinnekräich géint Kinnekräich;

11 et komme schwéier Äerdbiewen, an op ville Plaze gëtt et Hongersnéit an Epidemien; et geschéie fierchterlech Saachen, a vum Himmel komme grouss Zeechen.

12 Virun all deem awer leeën si Hand un iech a verfollegen iech, si liwweren iech un d’Synagogen aus a geheien iech an de Prisong, si schleefen iech viru Kinneken a Gouverneuren, an alles wéinst mengem Numm.

13 Deen Ament hutt dir Geleeënheet, Zeegnes ze ginn.

14 Verhaalt iech, datt dir iech am Viraus keng Gedanke fir är Verdeedegung ze maache braucht.

15 Ech selwer ginn iech nämlech Wierder a Weisheet, deene kee vun äre Géigner widderstoen oder widdersprieche kann.

16 Esouguer vun Elteren a Gesëschter, vu Famill a Frënn gitt dir ausgeliwwert; si maachen der eng Rei vun iech dout,

17 an dir gitt vun en all gehaasst wéinst mengem Numm.

18 Ma dir kënnt es sécher sinn: Et geet net emol een Hoer vun ärem Kapp verluer.

19 Wann dir duerhaalt, kritt dir d’Liewen."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu