lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

5. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 5,13-16

13 De Jesus sot zu senge Jünger: "Dir sidd d’Salz vun der Äerd! Wann awer dat Salz fad ginn ass, wouduerch kann et dann nees salzeg gemaach ginn? Et daacht näischt méi, et ass just nach gutt, fir erausgehäit a vun de Leit zertrëppelt ze ginn.

14 Dir sidd d’Liicht vun der Welt! Eng Stad, déi uewen um Bierg läit, kann een net verstoppen.

15 Et fänkt ee jo och net eng Luucht un an ’t stellt een se dann ënner e Sieschter, ma ’t stellt een se op de Liichter, an da liicht se fir all déi, déi am Haus sinn.

16 Esou soll äert Liicht virun de Leit liichten, fir datt si är gutt Wierker gesinn an äre Papp am Himmel verherrlechen."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu