lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

Härläichendag A

Joh 6,51-58

51 De Jesus sot zu deene ville Leit: “Ech sinn dat liewegt Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass: Wann ee vun dësem Brout ësst, da lieft hien an Éiwegkeet; d’Brout, dat ech ginn, dat ass mäi Fleesch fir d’Liewe vun der Welt.”

52 Dueropshin hunn d’Judden ënnerenee gestridden, an si soten: “Wéi kann deen do äis säi Fleesch z’iesse ginn?”

53 Du sot de Jesus zu hinnen: "Amen, amen, ech soen iech: Wann dir dem Mënschejong säi Fleesch net iesst an säi Blutt net drénkt, dann hutt dir d’Liewen net an iech.

54 Wie mäi Fleesch ësst a mäi Blutt drénkt, deen huet éiwegt Liewen, an ech loossen hien operstoen op Jéngsterdag.

55 Well mäi Fleesch ass wierklech fir z’iessen, a mäi Blutt ass wierklech fir ze drénken.

56 Wie mäi Fleesch ësst a mäi Blutt drénkt, dee bleift a mir, an ech bleiwen an him.

57 Wéi de Papp, dee lieweg ass, mech geschéckt huet, a wéi ech duerch de Papp liewen, esou lieft och deejéinegen, dee mech ësst, duerch mech.

58 Dat hei ass d’Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass. Mat him ass et net wéi mat deem Brout, dat d’Pappe giess hunn, well si si gestuerwen. Wien dat heite Brout ësst, dee lieft an Éiwegkeet."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu