lb | fr | pt | en |
17. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 13,44-52
44 De Jesus sot zu senge Jünger: "Mat dem Himmelräich ass et wéi mat engem Schaz, deen an engem Feld verstoppt war. Deejéinegen, deen de Schaz fonnt huet, huet en nees verstoppt, ass voller Freed vun do fortgaang, huet alles verkaaft, wat hien hat, an dunn huet hien dat Feld kaaft.
45 Mat dem Himmelräich ass et och wéi mat engem Geschäftsmann, dee schéi Pärele gesicht huet.
46 Wéi hien eng ganz wäertvoll Pärel fonnt huet, ass hien higaang, huet alles verkaaft, wat hien hat, an dunn huet hien déi Pärel kaaft.
47 A mat dem Himmelräich ass et och nach wéi mat engem Netz, dat an d’Mier ausgehäit ginn ass, an dat all Zorte [Fësch] opgesammelt huet.
48 Wann et voll ass, zéien d’Fëscher et op den Uwänner erop, an si setzen sech a rafen dat Gutt an e Kuerf; dat Schlecht awer geheien si ewech.
49 Esou geet et och um Enn vun dëser Welt: D’Engele ginn dann eraus a sënneren déi Schlecht aus deene Gerechten eraus,
50 an si geheien si an en Uewen, an deem Feier ass; do ass Gejéimers an et gëtt mat den Zänn gegrätscht.
51 Hutt dir dat alles verstanen?“Si soten:”Jo.”
52 Du sot hien zu hinnen: “Duerfir ass jidder Schrëftgeléierten, deen e Jünger vum Himmelräich ginn ass, wéi en Haushär, deen aus sengem Schaz Neies an Ales eraushëlt.”