lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Helleg Famill C

Lk 2,41-52

41 Dem Jesus seng Eltere sinn all Joer fir d’Pessach-Fest erop op Jerusalem gaang.

42 Wéi hien zwielef Joer al gi war, goungen si nees doropper, esou wéi et de Brauch fir d’Fest war.

43 No de Feierdeeg, wéi si sech op den Heemwee gemaach hunn, ass d’Kand, de Jesus, zu Jerusalem zréckbliwwen, ouni datt seng Elteren et an Uecht geholl hunn.

44 An der Meenung, hie wär bei anere Pilger vum Grupp, sinn si e ganzen Dag laang gaang; eréischt dunn hunn si hie bei hirer Famill an hire Bekannte gesicht.

45 Wéi si hien net fonnt hunn, sinn si hannescht op Jerusalem gaang an hunn do no him gesicht.

46 No dräi Deeg hunn si hien am Tempel fonnt. Hie souz matzen ënner de Léiermeeschter, huet hinnen nogelauschtert an huet hinne Froe gestallt.

47 All déi, déi hien héieren hunn, ware paff iwwer säi Verstand an iwwer d’Äntwerten, déi hie ginn huet.

48 Wéi seng Elteren hie gesinn hunn, waren si ausser sech, an seng Mamm sot zu him: “Kand, wéi konns du äis dat undoen? Kuck, däi Papp an ech, mir hunn dech voller Angscht gesicht!”

49 Du sot hien zu hinnen: “Firwat hutt dir mech gesicht? Wousst dir dann net, datt ech an deem si muss, wat mengem Papp gehéiert?”

50 Si awer hunn dat, wat hien hinne gesot huet, net verstan.

51 Dunn ass hie mat hinnen erof op Nazareth gaang, an hie war sengen Elteren ënnerdon. Seng Mamm huet sech all dës Wierder an hirem Häerz gemierkt.

52 De Jesus awer huet zougeholl u Weisheet, un Alter an u Gnod beim Herrgott a bei de Mënschen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu