lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

3. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 1,1-4;4,14-21

1 Well der schonn en etlech et ënnerholl hunn, e Bericht ze schreiwen iwwer dat, wat sech zougedroen huet, wat bei äis an Erfëllung gaang ass

2 – esou wéi déi äis et iwwerliwwert hunn, déi vun der éischter Stonn un Aenzeie waren an Dénger vum Wuert gi sinn –,

3 esou hunn och ech et fir gutt fonnt, nodeems ech allem vun Ufank u genee nogaang sinn, dir, héichveréiertem Theophilus, alles der Rei no opzeschreiwen,

4 fir datt s du dech vun der Zouverléissegkeet vun deem, wat s du geléiert gi bass, iwwerzeege kanns.

14 An der Kraaft vum Geescht ass de Jesus hannescht a Galiläa gaang. Säi Ruff huet sech an der ganzer Ëmgéigend verbreet.

15 Hien huet si an hire Synagoge geléiert, an hien ass vun alle Leit geéiert ginn.

16 Hien ass och op Nazareth gaang, duer, wou hien opgewuess war. Esou wéi et um Sabbat seng Gewunnecht war, ass hien an d’Synagog gaang, an do ass hien opgestan, fir virzeliesen.

17 Hie krut d’Buch vum Prophéit Isaias gereecht. Hien huet d’Buch opgemaach an déi Plaz fonnt, wou geschriwwe steet:

18 Dem Här säi Geescht ass op mir, well hien huet mech gesaleft. Fir deenen Aarmen eng gutt Noriicht ze verkënnegen, huet hie mech geschéckt, fir deene Gefaangenen ze verkënnegen, datt si fräikommen, an deene Blannen, datt si nees gesinn, fir déi Gebrachen an d’Fräiheet ze schécken

19 an e Gnodejoer vum Här auszeruffen.

20 Nodeems hien d’Buch zougemaach an et dem Dénger hanneschtginn hat, huet hien sech gesat. All déi, déi an der Synagog waren, hu gespaant op hie gekuckt.

21 Dunn huet hien ugefaang, hinnen z’erklären: “Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu