lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gréngendonneschdeg ABC

Joh 13,1-15

Kontext

Am allgeménge ginn d’Kapitelen 13-17 vum Joh als e Ganzt ugesinn; se sinn ewéi verschiddefuerweg Krellen, déi uneneegereit sinn: de Jesus schwätzt mat senge Jünger, an duerch si mat all de Jünger, déi nokommen, vun der Zäit, vu wou un hie “verherrlecht” ass, d.h. och vun eiser Zäit; hie mécht hei quasi säin Testament a seet senge Leit mat Nodrock wat säi leschte Wëllen ass. (Tëscht den Zeile kann een och d’Probleemer erausliesen, déi déi johannäesch Communautéit zur Zäit vun der Redaktioun vum Joh hat: et war net alles esou roseg an esou ‘Friede, Freude, Eierkuchen’, wéi mär dat vläicht gären hätten.)

Text

Et war virum Pessach-Fest (V. 1)
Et kënnt dacks am Joh vir, datt de Jesus wichteg Saache op juddesche Fester mécht oder seet (cf. z. B. 2, 13.23; 6, 4; 7, 2; 10, 22; 11, 55; 12, 1; 18, 28.39); et ass op esou Deeg, wou sech fir de Joh, de Judden hiren Onglawen am meeschte weist.

De Jesus wousst, datt seng Stonn komm war, fir... Iwwer Dësch... (Vv. 1-2)
Dat Iessen hei gëtt zäitlech gläichgesat mat dem ‘leschten Abendmahl’ bei de Synoptiker; mee, et gëtt beim Joh néierens explizit gesot, datt et d’Pessach-Iesse wier, och d’Geste vum Broutbriechen a Wäindeele feele beim Joh. – Et ass beim Joh dem Jesus seng lescht Molzecht an de Joh versicht eis ze verzielen, wéi de Jesus säin Doud verstanen huet, wou hien, fir et emol esou ze soen, e Sënn an deem Sënnlouse gesäit. Hie wees, datt “seng Stonn”, vun dier hie scho méi dacks geschwat huet (cf. 2, 4; 7, 6; 12, 23.27) elo do ass an hien hëlt se souverän un (cf. 10, 18; 18, 4; 19, 28). – An de Joh ënnersträicht, datt et op d’Léift ukënnt (cf. och Vv. 13-15).

... wéi den Däiwel dem Judas, dem Simon Iskarioth sengem Jong,... (Vv. 2-3)
De Jesus wees, datt hien um Punkt ass verroden ze ginn (V. 11), seet de Joh. Hie wees, wat op hien duerkënnt. – Elo muss ee bedenken: wann hie just e puer honnert Meter an d’Wüüst gelaf wier, hätt kee Mënsch hien erëmfonnt (nach haut uet den israelesche Geheimdingscht Probleemer, do Leit erëmzefannen!). Neen, seet de Joh, hie geet säi Wee aus fräiem Entscheed, hie geet Heem bei säi Papp (op Hebräesch ‘pâsah’ = ‘eriwwergoen’), vu wou hie komm ass. – Awer net, ouni deenen Zwielef (de Judas ass nach bei hinnen) ze weisen, wourop et ukënnt:

... huet seng iewescht Kleeder ausgedoen, huet e léngen Duch an huet sech et ëmgebonnen. Dunn... (Vv. 4-5)
De Jünger hire (Léier-)meeschter wäscht hinnen d’Féiss! – Dat war deen niddregsten Dingscht, zu deem e juddesche Sklav vu sengem juddesche Meeschter emol net huet dierfe gezwonge ginn! Esou erniddregend war et engem d’Féiss ze wäschen; et konnt awer och gesi ginn als e Geste vun extremem Respekt vis-à-vis vun engem sengem Papp oder Léiermeeschter; dofir ass de Péitrus dann och béis erféiert a striewt sech dergéint; wa schonn, da wier et un hinne gewierscht dem Jesus d’Féiss ze wäschen, an net ëmgedréint (Vv. 6.8).

Vv. 7-8
Et ass eréischt wann de Péitrus verstanen huet, datt den Dingscht zu dem Jesus senger Missioun an domadder och zu der Nofolleg vun de Jünger gehéiert, wou de Péitrus ‘Undeel’ kann hunn.

Du sot de Simon Péitrus zu him... (V. 9)
De Péitrus schengt awer dee méi déiwe Sënn net verstanen ze hunn a bleiwt beim äussere Geste stoen.

De Jesus sot zu him... (V. 10)
Vläicht hu mer hei eng Uspillung un d’Daf; de Joh seet awer och, datt déi Rengegung, déi d’Daf mat sech bréngt, net automatesch ass (V. 11: de Judas gouf vläicht op déi Manéier propper gemeet, mee, hien ass awer net wierklech gerengegt, seet de Joh; e Mëttelwee gëtt et net), d’Lektioun vum Féisswäschen, d.h. vum Dingscht ee fir deen anere muss och verstanen an (am Alldag) gelieft ginn.

Nodeems hien hinnen d’Féiss gewäsch hat,... (Vv. 12-15)
Sou, kréien si gesot, ech hunn äech elo gewisen, wéi et geet, da gitt hin a maacht et tselwescht. – Awer net nëmmen de Geste, mee, lieft och de Sënn dervun! Soss ass et en eidele Geste, deen der nomaacht. – Datselwescht kéint een iwwregens och vun der Eucharistie soen, déi sënngeméiss dem Geste vum Féisswäsche ganz no kënnt... De Judas hat jo och d’Féiss gewäsch kritt (cf. V. 30).

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu