lb | fr | pt | en |
9. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 7,1-10
1 Nodeems de Jesus mat senger Ried un d’Vollek fäerdeg war, ass hien a Kapharnaum eragaang.
2 E Centurio hat en Dénger, op deen hie grouss Stécker gehal huet. Dësen Dénger war krank a louch um Stierwen.
3 Wéi elo de Centurio vum Jesus héieren huet, huet hien déi jüddesch Eelst bei hie geschéckt, fir hien ze bieden, datt hie kommen an den Dénger rette sollt.
4 Si si bei de Jesus komm an hunn hien drëm gebieden, an si soten: "De Centurio ass et wäert, datt s du him säi Begier erfëlls,
5 well hien huet eist Vollek gär, an hien huet äis d’Synagog gebaut.”
6 De Jesus ass mat hinne gaang, ma wéi hien net méi wäit vum Haus ewech war, huet de Centurio Frënn geschéckt, fir him ze soen: "Här, beméi dech net! Ech sinn net gutt genuch, datt s du bei mech heem kënns.
7 Dowéinst hunn ech mech och net fir wäert gehal, fir selwer bis bei dech ze kommen. So nëmmen ee Wuert, da gëtt mäi Kniecht gesond!
8 Och ech sinn nämlech e Mënsch, deen enger Autoritéit ënnersteet, an ech selwer hunn Zaldoten ënner mir. Wann ech zu deem enge soen: ’Géi!’, da geet hien, an zu deem aneren: ’Komm!’, da kënnt hien, an zu mengem Dénger: ’Maach dat do!’, da mécht hien et.”
9 Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien sech iwwer de Mann gewonnert, an hien huet sech zu deene ville Leit, déi him nogaang sinn, gedréit a sot: “Ech soen iech: An Israel hunn ech keen esou grousse Glawe fonnt!”
10 Wéi déi Leit, déi vum Centurio bei de Jesus geschéckt gi waren, hannescht an d’Haus gaang sinn, hunn si gesinn, datt den Dénger nees gesond war.