lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

Hellegt Häerz Jesu A

Mt 11,25-30

25 Där Deeg een huet de Jesus gesot: "Ech luewen dech, Papp, Här vum Himmel a vun der Äerd, well s du dat hei virun deene Verstännegen a Gescheite verbuerge gehal an et deene Klenge bekannt gemaach hues.

26 Jo, Papp, esou huet et dir gefall.

27 Ech krut vu mengem Papp alles uvertraut. Et erkennt keen de Jong, ausser dem Papp, an et erkennt keen de Papp, ausser dem Jong an deemjéinegen, deem de Jong et bekannt maache wëllt.

28 Kommt all hier bei mech, déi dir iech kristillegt a schwéier Laaschten ze droen hutt; bei mir kënnt dir raschten.

29 Huelt mäi Jach op iech a léiert vu mir, well ech si vu ganzem Häerz duuss an damiddeg, an dir fannt Rou fir är Séil.

30 Mäi Jach ass nämlech net schwéier ze droen, a meng Laascht ass liicht."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu