lb fr pt en
Wegweiser Jahr A (2016-2017)  
27. Mee 2017

De Jesus schwätzt mat sengem Papp am Himmel

Wegweiser zum 7. Ouschtersonndeg (27.05.2017)

D’Evangelium vum 7. Ouschtersonndeg ass e Gebiet. De Jesus schwätzt mat sengem Papp am Himmel a mir dierfe „Mäische“ sinn. Mir dierfen nolauschteren wéi hie Gott géintiwwer e Fazit zitt vu senger Missioun, fir déi hie sech déi lescht dräi Joer vu sengem Liewen mat „Léif a Séil“ agesaat huet. 11 Jünger hunn dëst Gebied deemools life materlieft. Fir dräi Joer haart Aarbecht renderëm d’Auer war dat dach éischter e moort Resultat. Trotzdem seet de Jesus a sengem Gebied Merci fir dës 11 Mënschen. An hinne gesäit hien eng Zort „Kado vu Gott“. Dës 11 Frënn huet Gott him uvertrauet. Dës 11 Männer hu säi Message vun der Gottessohnschaft „ugeholl“. Dës 11 Mënschen sinn déi, déi, an enger éischter Etapp, dofir suergen, dass säi Message weidergedroe gëtt.

Bildlech geschwaat huet de Jesus vu sengem Papp eng Lëscht mat Adresse kritt, wou hie mat engem „Kado“ ënnert dem Aarm geschëllt huet. 11 Mënschen hunn opgemaach, hunn dëse „Päckelchen“ entgéintgeholl, hunn en opgemaach, hu säin Inhalt entdeckt an hunn d’Gebrauchsanweisung gelies. Si hätten och d’Méiglechkeet gehaat, de „Päckelchen“ zou ze loossen, si häten d’Méiglechkeet gehaat en zréckzeschécken well hinnen den Inhalt net zougesoot huet oder well d’Gebrauchsanweisung zevill onverständlech war.

Mee dës 11 Mënschen hu sech op de „Päckelchen“ agelooss, si hu sech vu sengem Inhalt iwwerrasche geloos, si hunn en ausprobéiert, si hu gemierkt wéi dëse „Kado“ hiirt Liewe verännert huet a si hunn drop vertraut, dass dat, wat si do kritt hu, gutt fir hiirt Liewe wier.

Esou wéi dës 11 Mënschen deemools, sinn och mir haut „invitéiert“, fir am Bild vum „Päckelchen“ ze bleiwen, de Glawen unhuelen, auspaken, d’Gebrauchsanweisung ze liesen, auszeprobéieren a (bei „Zefriddenheet“) weider ze recommandéieren.

(Quelle: wort.lu)

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu