lb fr pt en
Jahr A (2016-2017)  
8. Juli 2017

“Meine Last ist leicht”

09.07.2017

Mt 11, 25-30

Wéi erlieft ee seng Porgemeinschaft? Als Belaaschtung, als Entlaaschtung, mat enger grousser Indifferenz, als station service wou ech higinn wann ech eppes brauch a soss ass et mer egal, oder wéi?

Ech ka mer ganz gutt virstelle wéi mir duerch e Mënsch, duerch e Wuert, duerch e Geste, duerch e Lächelen e Stee vum Häerz gefall ass. Ech fille mech befreit, frësch, wéi nei gebuer, wéi e Fësch am Waasser. Heiansdo kann deen éischte Vakanzdag och dës Funktioun iwwerhuelen: de Stress, d’Belaaschtung, d’Verantwortung fale vun engem erof, et kann een nees opootmen. Ech ka mer virstellen datt et Iech genau esou geet wann d’Bomi, d’Tatta, de Frënd, d’Frëndin seet: „Ech versuergen der haut deng Kanner, da kënnt der mol richteg eppes fir iech ënnerhuelen.“ Ech mengen datt dat, wat am Alldag esou wichteg erschéngt, och bei gréissere Schwieregkeete seng Bedeitung huet. An de Krisenzäite vum Liewen, an der Partnerschaft, an der Erzéiung, bei Krankheet, bei Nout oder Dout, wien an esou Situatiounen e gutt Wuert kritt huet, dee weess wat dat heescht: neie Liewensmutt, nei Energie, nei Kräften. D’ganz Welt gesäit anescht aus a kritt eng aner Nues. Wéinegstens een huet u mech geduecht!

Ech froe mech wéi oft muncher sech un deem Saz vum Jesus opgeriicht hunn deen do heescht: „Kommt alle her zu mir, die ihr euch plagt und unter schweren Lasten zu tragen habt. Ich werde euch Ruhe verschaffen.“ Ech mengen awer datt dëse Saz vum Jesus net nëmme fir eenzel Mënsche gëllt an hiren Noutsituatiounen, mee Programm ass fir déi ganz Kierch a fir all hir Deeler, also och fir eis nei Poren. Jiddferee brauch och Zäite vu Rou fir nei Kraaft ze scheffen, fir seng Batterien opzelueden. An enger Por muss dat och méiglech sinn. An dësem Zesummenhang kënnt mer en anert Wuert vum Jesus an de Kapp: „Wehe euch Gesetzeslehrern! Ihr ladet den Menschen Lasten auf die sie kaum tragen können, selbst aber rührt ihr keinen Finger dafür!“ Ech mengen dëse Saz gëllt net nëmme fir d’Gesetzlehrer vum Judentum, dëse Saz muss der Kierch an allen Institutiounen ëmmer erëm an d’Gediechtnis geruff ginn.

De Schweriner Weihbëschof deemools, Norbert Werbs, huet den 3. Dezember 1991 virun der Synod zu Roum folgend Punkten an dësem Kontext opgezielt:

* Wéi kann an der Verfassung vun der Kierch Raum geschaaft ginn, fir datt gedeeften a gefirmte Chrëschten tatsächlech hir Verantwortung iwwerhuele kënnen?
* Wéi kënnen d’Katholike matwierke bei der Wahl vun hirem Bëschof, hirem Geeschtlechen?
* Wéi kann een eng verantwortlech Elternschaft programméiere statt nëmme mat Geboter d’Sexualitéit ze reegelen?
* Géif de Jesus esou mat Gescheeten an nees Bestueten oder mat bestuete Geeschtlechen a Schwësteren ëmgoen, wéi d’Kierch dat elo nach mécht?
* Stellt sech d’Kierch iwwerhaapt Froen no der Roll vun der Fra an der Kierch, oder ass dës Fra nach ëmmer mat engem Tabu behafft?
* Firwat gëtt eis Kierch sou oft als Gängelei, als hemmend, als stuer an ängschtlech ëmfonnt, wou se dach misst eng Gemeinschaft si vun der Fräiheet, vun der Befreiung, vun der Freed, vun der Geschwësterlechkeet?

Méi wéi 25 Joer duerno, dee Katalog, deen ass nach ëmmer do. Verschidde Bëscheef an och eisen aktuelle Poopst, de Poopst François, versichen do jiddefalls fir mat Courage d’Dieren opzemaachen. Do war zu menger Zäit, schonn e bëssche méi laang hier, de Bëschof Gaillot vun Évreux, do ass de Bëschof Kasper vu Rottenburg-Stuttgart deen hautdesdaags Kardinol ass an e Conseiller vum Poopst François, oder ee wéi de Karl Lehmann, Bëschof vu Mainz an duerno eben och Kardinol. Ech mengen et ass enorm wichteg, datt mer an dëser zum gréissten Deel selwergemaachter Kris an der Kierch net un eise Feeler verzweiwelen, mä ëmmer nei versichen dee Saz vum Jesus ze behäerzegen: „Meine Last ist leicht“. Jiddferee vun eis kann eppes do bewierke wou hien ass, do wou Kierch konkret gëtt, siichtbar a fillbar, an eiser Por déi net nëmmen eng Filial vun der Weltkierch ass, mä eben och en Erfahrungsraum, vun där Léift vum Herrgott zu eis all.

Mir versichen eis Fantasie, eise Glawen, eis Léift an den Déngscht vun dëser Botschaft ze stellen. Merci fir all Hëllef an Asaz op där Plaz wou Der lieft.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu