lb fr pt en
Wegweiser Jahr B (2017-2018)  
6. Januar 2018

Stärendeiter

Wegweiser zum Fest Epiphanie (07.01.2018)

Ëmmer nees op en Neits gesi mir Stären um Himmel – Stäre faszinéieren an et gi Wëssenschaftler, déi sech ganz intensiv domat befaassen.

Viru méi wéi 2000 Joer hu sech Stärendeiter – gescheite Männer – mam grousse Stär vu Betlehem beschäftegt a si sinn deem och nogaangen.

Dës gescheit Männer aus dem Orient ware ganz oppen an hunn hir Häerzer opgemaach. Si selwer wousste ganz sécher net, op wat si sech aloosse géifen; si hu keen Ziel kannt. Si hunn de Stär gesinn, hate keng Landkaart a ware sécher net sou virbereet, wéi wa mir hautdesdaags eng Rees organiséieren.

Si sichen a sichen a ginn deem grousse Stär no. Ee Schratt nom anere maachen si a kommen deem Geheimnis méi no; bis si bäi der Krëppchen, beim Messias ukommen. Et war sécher kee liichte Wee.

Ëmmer nees, wann ech Joer fir Joer d’Krëppchen opriichten, ass et ee ganz besonnesche Moment fir d’„Kinneken“ virun d’Jesuskand ze setzen. Ganz bewosst sti si op Chrëschtdag nach net do. Als Kand hunn ech dacks mat de Figure gespillt - all Dag hunn ech si ee Stéck méi no bäi de Stall geréckelt, bis si da fir Dräikinneksdag mat hire wäertvolle Kaddoe bäi der helleger Famill ukomm sinn.

Och mir hunn net ëmmer einfach Weeër, dacks kenne mir eis Ziel net oder sinn ängschtlech. Mir vertrauen op Gott. fir mat eis de Wee ze goen.

Loosse mir eis haut ganz besonnesch un déi gescheit Männer erënneren a loosse mir eis Häerzer, genee wéi si, fir déi gutt Noriicht opmaachen. Denke mir haut u léif Leit, maache mir bewosst ee léiwe Mënsch mat engem gudde Wuert glécklech. Huele mir eis Zäit fir mat eiser Famill een Dräikinnekskuch an déi gutt Noriicht ze deelen.

Quell: wort.lu

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu