lb | fr | pt | en |
Produkt fir an d’Poubelle
Wegweiser zu Äschermëttwoch (14.02.2018)
Wien nach e Kamäin oder en Uewe bei sech doheem huet, dee weess wéi dat ass, wann d’Feier bis aus ass. D’Äsche sinn dréckeg a stëbseg a si mussen aus dem Uewen eraus éier e neit Feier ugefaange gëtt. Obwuel d’Äschen e Produkt sinn fir an d’Poubelle, erënneren si eis nach un dat Feier, dat elo aus ass, un d’Liicht, un d’Wäermt, un d’Liewen wat vun dësem Feier ausgaangen ass.
D‘Äschen erënneren eis dofir och un d’Vergänglechkeet; alles geet eng Kéier eriwwer, mir kënnen näischt festhalen, weder d’Liicht, nach d’Wäermt, nach d’Liewen. Deen anere Mueren, wann d’Sonn nees opgeet, da ginn d’Äschen just nach zesummegekiert, si si fir näischt méi ze gebrauchen. An haut, op Äschermëttwoch, gëtt dëst „Offallprodukt“ geseent. Haut gëtt dës Äschen zu engem Kräiz op eiser Stir; mir gi mat Äsche geseent.
Haut fänken déi 40 Deeg vun der Faaschtenzäit un. 40 Deeg laang hu sech och de Moses an den Elija an der Wüste op Begéignung mam Härgott virbereet. 40 Joer laang ass d’Vollek Israel duerch d’Wüste gewandert, éiert et am Land, dat him vu Gott versprach ginn ass, ukomm ass. 40 Deeg laang huet och de Jesus sech an der Wüste op säin öffentlecht Wierken virbereet. A 40 Deeg laang kënne mir eis elo op d’Begéignung mam operstanene Christus, also op Ouschteren, virbereden.
Haut kréie mir net einfach Äschen egal wéi op d’Stiir geriwwen, mee a Form vun engem Kräiz. An dëst ass e ganzt positivt Zeechen, wat eis seet: Maach däi Liewen u Jesus Christus fest, mach Dir säi Liewen, an dozou gehéiert och säi Kräiz, zum Kompass, zum Virbild fir Däin eegent Liewen …
Da brauchs du nämlech keng Angscht méi ze hunn virun der Äschen, virun der Vergänglechkeet vun allem Irdeschen. Esou erënnert eis d’Äschekräiz, d’Symbol mat deem d’Faaschtenzäit ufänkt, drun, dass um Enn vun der Faaschtenzäit och ëmmer Ouschteren, d’Fest vun der Operstehung, d‘Fest vum Liewe steet.