lb fr pt en
Priedegten  
1. Februar 2019

Den Abbé Guy Diederich war den Oktavpriedeger 2019

D’Oktav vum 11. bis de 26. Mee stoung ënnert dem Thema „Bleif bei eis! – Reste avec nous!“

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich hat den Abbé Guy Diederich mat den Oktavpriedegten 2019 chargéiert. D’Oktav hat e Samschdeg, den 11. Mee, ugefaang an ass mat der Schlussprëssessioun e Sonndeg, de 26. Mee, op en Enn gaang. D’Editioun 2019 stoung ënnert dem Thema: „Bleif bei eis! – Reste avec nous!“ Zum Thema schreift den Oktavpriedeger:

„An deene leschten zwee Jaar ass an eiser Kierch villes anescht ginn, a mir sinn nach laang net um Enn domat, weder heiheem nach an der Kierch uechter d’Welt.

Et ass eis Chrëschten esou, wéi wa mer munches verluer hätten, wouru mir zanter Generatioune gewinnt (esouguer etlech Mol verwinnt) waren.

Wann s Du eppes verléiers, da gëss De méi arem, an dat ass éischter gesot wéi gelieft; mir sinn e räicht Land, wou dat Aremt net vill Wäert huet.

An der Oktav 2019 probéieren ech mat Iech ze iwwerleeën an dofir ze bieden, datt d’Haaptsaach bleift: eise Glawen un den Herrgott, esou wéi mir en am Jesus senger gudder Noriicht fannen.

„Bleif bei eis!“ dat haten déi zwee Jünger vun Emmaus dem Jesus gesot, wéi d’Sonn am Gaang war ënnerzegoen, an Hien ass bliwwe bis si Hien erkannt hunn.

„Bleif bei eis!“ och wann d’Klacken net méi dacks lauden, d’Kierch vu Skandaler gerëselt gëtt, a wa mer kee Rouden a kee Wäisse méi hunn, fir am Wanter d’Kierchen ze hëtzen.

„Bleif bei eis!“ vläicht dierfe mir esou arem ginn, datt de Glawen eleng bleift fir eis Gemeinschaft op eng nei Manéier am 21. Jaarhonnert ze droen.

Ech hu vir, an der Virbereedung op dës Oktav riets a lénks ze lauschteren an nozefuerschen, wat fir eng Froen néideg wiere fir besprach an iwwerluecht ze ginn.

Fäerdeg Äntwerte wäerte mer keng fannen, mee dofir deen een oder anere Wee, fir eis nei Gedanken ze maachen an eis e Stéck nei ze erfannen. Mir kënnen eis un der Maria, der Jesusmamm, eiser Tréischterin, orientéieren an um Beispill vu villen anere Leit, déi zanter 2000 Jaar gespuert hunn, datt Hie bei eis bleift.“

Guy Diederich, 1957 op d’Welt komm, 1987 zum Geeschtleche geweit ginn, an duerno Kaploun zu Bouneweg. 1990 Aumônier vum CHL a Paschtouer ronderëm de Widdebierg. Zanter der Grënnung vun der neier Par „Musel a Syr Saint-Jacques“ Paschtouer an deem Pastoralteam.

Programm vun der Muttergottes-Oktav 2019
Programm der Muttergottes-Oktave 2019
Programme de l’Octave Notre-Dame 2019
Programa da Oitava a Nossa Senhora 2019
Program of Our-Lady’s Octave 2019

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu