lb fr pt en de
Jahr C (2018-2019)  
16. Februar 2019

Wat e Gléck

De Kommentar zum 6. Sonndeg am Joreskrees vum Romain Richer (17.02.2019)

Lk 6, 17, 20-26

Wat si mir dach glécklech Mënschen! Kuckt emol: haut ass et méiglech, innerhalb vu ganz kuerzer Zäit am Internet eng Rees ze buchen, Liewensmëttel a Kleeder ze kafen, e Rendez-Vous beim Dokter ze huelen, déi neiste Lidder erofzelueden a sech an engem Internetforum beroden ze loossen, wat een alles brauch, fir och en zefriddent Hausdéier ze hunn.

Kënne mir äis dann net glécklech schätzen, datt mir zu all Moment bei iergendwellechen Aktivitéite kënne matmaachen, datt mir déi ganz Woch iwwer e Programm ugebuede kréien, deen äis d’Langweil ewechzaubere wëll? Mir hunn haut d’Méiglechkeet, esou vill an esou kuerzer Zäit ze organiséieren, ze erliewen, opzebauen, datt mir dach zefridde kënne sinn, neen? Et sinn äis keng Grenze gesat, super!

Awer hutt Dir vläicht och schonns folgend Erfahrung gemeet: et huet een d’Gefill, wéi wann een onendlech vill Kraaft hätt a voller Ideeën ass, jo, et stierzt ee sech a Projeten an dann ... geet et net weider. Vläicht ass et eng Krankheet, e Sträit, eng technesch Panne, eng falsch finanziell Investitioun oder soss eng Katastroph, déi engem e Stréch duerch d’Rechnung mécht. De Projet realiséiert sech net, et kënnt een u Limiten, déi ee vläicht virdrun net kannt huet ... an elo? Si mer verluer? Verléiert alles säi Wäert? Hu mer d’Gléck verspillt?

Am Evangelium vun haut versicht de Jesus, eise Bléck ze schäerfen. Mir sollen äis op dat konzentréieren, wat wierklech Zukunft huet, wat wierklech Liewe bedeit, wat déi wierklech Basis vun all eisem Wierken ass: Gott selwer! De Jesus seet net, datt de Räichtum, d’Technik oder en Divertissement u sech falsch sinn ... awer, wa mir äis just op dës verloossen, da geet et schief! Wann an der Bibel vu Räichtum geschwat gëtt, dann ass oft domat déi Haltung gemengt, déi eng Distanz zu Gott ausdréckt. Mir mengen, mir kéinten alles selwer erreechen ... a stellen äis domat op de Niveau vu Gott.

Wa mir äis komplett oflenken an äis just bespaassege wëlle loossen, jo, da si mir zwar fir e kuerze Moment sat, awer de richtegen Honger ass erëm séier do! An dann, wat ass äis méi wichteg: datt d’Mënschen äis luewen oder wat Gott vun äis denkt?

De Jesus wëll eise Bléck op dat Wesentlecht riichten. Och wa mir eventuell geseent si mat esou vill Saachen a Méiglech-keeten ... dat wat äis wierklech weider bréngt, ass Gott eleng.

Et ass keen einfachen Text, dee mir haut presentéiert kréien, jo, vill Vertrauen ass gefrot! Stëmmt et, datt mir just op e „Liewen dono“ vertréischt ginn?! Neen! De Jesus riicht dës Wierder mat enorm grousser Léift un äis all. Mir verstinn de Plang vu Gott net ëmmer, mir kënnen net ëmmer begräife, wat Gott vun äis wëll, mä, wa mir Gott esou virun Aen hunn, wéi mir et am Psalm 1 kënne liesen, da brauche mir keng Angscht ze hunn. Jo, da kënne mir erfëllt gi vu sengem Geescht. Hie wëll äis tréischten, äis stäerken, äis de Wee weisen. Egal a wéi eng Situatioun mir och kommen, et heescht, dorop ze ver-
trauen, datt Gott äis begleet, datt hie wierklech eisen Hiert ass. Hien ass et, vun deem eng Kraaft ausgeet, déi äis Heel versprécht (vgl. Lk 6, 19).

Ier de Jesus awer bei d’Mënsche kënnt an dëse wonnerbare Message verkënnegt, huet hie sech eng ganz Nuecht fir d’Gebiet zréckgezunn (vgl. Lk 6, 12). Ass et net genee dat, wat mir an eiser oft hektescher Zäit brauchen? Rou fannen am Gebiet … dem Härgott sengem Wuert Zäit ginn, datt et Wuerzelen an eisem Liewe ka schlon … sech op säi Wuert konzentréieren, äis net oflenken an äis net ënnerkréie loossen …

Romain Richer

Quell: Luxemburger Wort

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu