lb fr pt en
Priedegten  
17. Mee 2019

Bleif bei eis – mir bieden Dech! / Lk 24, 13-35

Liest a lauschtert déi 5. Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (17. Mee 2019)

Hiféierung

Leit, déi op meng Ëmfro virun der Oktav geäntwert hunn, hu mir un d’Häerz geluecht, och eppes iwwert d’Bieden ze soen. Ëmmer erëm héieren ech, datt vill Mënsche mat hirem Bieden net zefridde sinn.

  • Wéini a mat wat fir enger Method soll ee bieden?
  • Déngt et eppes oder déngt et näischt?
  • Sinn ech iwwerhaapt „würdeg“ genuch fir ze bieden?

Mat e puer Beispiller wëll ech Courage maachen, fir d’Bieden net ze vergiessen, an ech erzielen Iech och vun enger Saach, wou et am Biede ka geféierlech ginn.

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Mir haten an deene leschten Deeg an eise Glawen era gekuckt, mat dem Wonsch an dem Gebiet, datt den Herrgott soll bei eis bleiwen.

  • Bleif bei eis mat engem gudde Wuert.
  • Bleif bei eis mat dengem Trouscht.
  • Bleif bei eis, mir hunn et schwéier, fir un dech ze gleewen.
  • Bleif bei eis a bei der Generatioun no eis.

Elo gëtt et awer emol héich Zäit, datt mir kucken, wou dëse Saz, deen eis Oktav 2019 als Iwwerschrëft huet, wou deen hierkënnt.

Et war am Evangelium, elo grad – hat Dir et héieren? D’Emmausjünger soten: „Bleif bei eis, et geet géint der Owend, den Dag geet zu Enn!“

De Kleopas an deen aneren hunn de Jesus gefrot, hie soll dach bei hinne bleiwen. Du kéins mengen: e bësse mat Nodrock gebiedelt, an dofir wëll ech haut mat Iech iwwert d’Gebiet schwätzen.

Ech krut vun en etlech Leit un d’Häerz geluecht, eppes iwwert d’Bieden ze soen. Bieden schéngt eppes Schwéieres ze sinn, an ëmmer menge mer, mir géingen dat net gutt an net richteg maachen. „Ich habe meine Gebete ohne Andacht verrichtet.“ „Ech sinn ëmmer zerstreet am Gebiet.“ „Ech hu keng Loscht fir ze bieden, well et bréngt näischt, ech weess mech net unzeleeën an ech fannen och keng Zäit derfir a keng Rou.“

Aus deem, wat do gesot gouf oder gëtt, do hëls Du an Uecht, datt gäre géif gebiet ginn, wann et net esou komplizéiert wier a wa mer dat wierklech richteg kéinte maachen.

Also, als éischt Gebiet: „Bleif bei eis, och wa mer bieden!“

Wéi ech Kand war, do hu meng Mamm a meng Bomie mech Gebieder auswenneg geléiert: „Gotti komm, mach mich fromm, dass ich in den Himmel komm!“
„Jesus Daifchen, mäin Häerz ass en Haischen, et ass esou kleng an esou reng, datt keen aneren dra wunne kann, wéi de Jesus aleng.“

Nach aner Gebieder, ech ziele se elo net all hei op, ech hunn der och vergiess, et waren der fir virum Iessen, wann ee schlofe geet, de „Vater unser“, de „Gegrüßet seist Du, Maria“, de „Glaube festiglich“ et war schéin… dat ass alles bal 60 Joer hier; e Stéck aus dem Liewen ouni Fernseh, ouni Auto an ouni Handy an Internet (– dorop komme mer nach eng Kéier an enger anerer Priedegt ze schwäetzen).

Eng ganz extra Erënnerung hunn ech awer un ee bestëmmt Gebiet, dat huet mäi Liewen a mäi Glawe ferm beaflosst. Mir sinn all Joer an d’Oktav gepilgert. Méindes mueres um halwer 2 hunn d’Klacken am Duerf gelaut, an da goung d’Prëssessioun vu Käl an d’Stad. 18 Kilometer, wéi gesot: méindes, an der Nuecht, an da koumen der alt nach e puer aus der Wiertschaft erausgetierkelt: „Wat ass lass?“ – „Oh, et gëtt ee begruewen…“ sot een an der Prëssessioun. „Ma, da gi mir mat!“ an dann hu mir déi an der Prëssessioun bis an d’Stad matgeschleeft (dat hat e groussen Unterhaltungswert), mee, entschëllegt, dat war elo net dat, wat ech Iech erziele wollt. Eppes anescht, eng hallef Doze Männer hu mech als Bouf faszinéiert, all Joer hu si de Rousekranz gebrëllt, wéi wa si wëll gi wieren. „Jeehjrüßet zeist Du, Maria, …den der Jungfrau geboren hast…“

Vu Käl bis bei d’stackeger Klaus, tëschent Beetebuerg an der Kockelscheier, ass haart gebiet ginn. Heiansdo goung e Brantwäinflachmann vu Mond zu Mond, an da goung et nach méi haart virun. Déi Pättere sinn einfach net midd ginn.

Léif Leit, méi hunn ech als Bouf net gebraucht, fir fest iwwerzeecht ze sinn, datt et en Herrgott gëtt, een, deen eis Gebieder héiert, well wann déi Männer do, déi mat 2 Féiss um Buedem stungen, esouguer mat Lammelen un de Schung a mat der Drëpp an der Täsch, wann déi mat esou enger Kraaft Stonne laang bieden, an dat esou haart, do war fir mech keen Zweifel méi, datt do een ass, deen dat Gebiet héiert (deen hat jo keng aner Méiglechkeet).

Dat war nieft deem, wat ech a menger Famill an an der Schoul matkrut, ee Grondsteen vu mengem Glawen. Ech si fest iwwerzeecht, datt mäi Glawen a Krisenzäiten, an der Pubertéit, bei schlechten Zensuren an all anere Problemer fest bliwwen ass, well dat Gebiet, wat dës Männer gebierelt hunn, mir nach virun am Kapp nogeschaalt huet.

Nach séier dat hei: „Wéi ech d’Primizmass gefeiert hunn, virun 32 Joer, do sinn no der Mass op der Kierchentrap Riede gehal ginn, an zum Schluss sot ech allen „Merci“. An do hunn ech dës Geschicht nach eng Kéier erzielt: „…wësst Der, firwat de Glawen eng grouss Roll a mengem Liewe spillt, well deen… an deen… an deen… esou haart an der Prëssessioun fir an d’Stad gebiet hunn. Deene soen ech haut en extrae Merci.“ Wéi mer wollten heem goen, do koum ee vun hinnen, de Fritz, an hie sot mer: „Si si mech heem siiche komm, fir mer ze soen, wat s Du gesot hues. Ma elo sinn ech frou, datt ech an déier heier Saach net ganz onschëlleg sinn.“

Esou, dat war elo emol genuch vu fréier! Vläicht sidd Dir drop komm, firwat ech Iech dat elo esou laang erzielt hunn. Ech wollt Iech ze verstoe ginn, datt all Zocht vu Gebiet eppes Guddes ass. „De Rousekranz, erofgerattert, ouni z’iwwerleeën, wat do gesot gëtt!“, dat ass esou e Reproche, deen ech ganz dack héieren. Ech mengen an ech gleewen, datt den Herrgott all Gebiet gutt heescht, wann et aus engem éierlechen, oppenen Häerz kënnt. Ob dat elo haart gebiet gëtt, duercherneen, wéi an der Prëssessioun – déi eng si vir, an déi aner en halwe „Gegrüsset seiest Du, Maria“ hannendran – et kënnt beim Herrgott un; grad esou wéi dat lues gebietend „im stillen Kämmerlein“, wéi de Jesus et selwer uréit. (Den Herrgott ass esou allmächteg, deen héiert esouguer Stëllmassen, an dat wëllt schonn eppes heeschen.)

Iwwert d’Method vum Gebiet brauchs Du Dir keng gro Hoer wuessen ze loossen. Deen, mat deem s Du am Gebiet schwätze wëlls, deen huet Dech gär. A well hie mech gären huet, dofir ass et eng normal Saach, datt ech mat him schwätze wëll, Kontakt sichen oder e bësse flirten.

Elo geet et mir awer dack esou, datt ech mech schummen, fir mat Bieden unzefänken, well mer andauernd meng Feeler a meng Sënnen an d’Gedanke kommen. „Wat solls Du den Herrgott dérangéieren, du waars dach elo esou laang wäit ewech vun him?“

Léif Frënn, dat ass eng gutt Saach, do ass dann déi bescht Geleeënheet, fir als éischt zum Herrgott ze soen: „Et ass bei mir net alles an der Rei, mee, dierf ech erëm gutt mat Dir ginn?“

„Dierf ech erëm gutt mat Dir ginn?“ Hien ass et jo schonn ëmmer, hien huet de Kontakt ni ofgebrach; ech dierf de Kontakt zu him ëmmer erëm nei sichen. Et kënnt mer elo spontan d’Bild vun enger Waasserleitung mat engem Krunn an de Kapp. Heiansdo ass de Krunn zougedréint an et kënnt näischt, awer esou bal en opgedréint gëtt, leeft d’Waasser. Gottes Frëndschaft ass ewéi d’Waasser an der Leitung, wann s Du opdréins, dann ass si do, a si leeft net iwwert eng Waasserauer, wou s Du all Drëps bezuele muss. D’Gottes-Frëndschaft ass gratis an onerschëpflech. Keng Angscht fir mat Bieden unzefänken, Du kanns dat! Et gëtt op alle Fall gutt, egal wéi s Du Dech ulees.

Wéi sech elo uleeën, do gëtt et esou vill Methoden ewéi Leit. Du kanns Gebieder auswenneg opsoen, oder liesen, op däitsch, lëtzebuergesch, portugisesch… egal. D’Mme Elly Schmit-Weber huet eng Rei Bichelcher eraus ginn, mat léiwen, einfache Gebieder fir ze liesen.

Du kanns och Texter huelen, déi schonn zanter laangem als Gebiet geholl ginn. Déi meescht Leit bieden esou! D’Schwësteren a Pateren an de Kléischter biede Psalmen, déi stinn an der Bibel, si gi schonn wéinstens 300 Joer gebiet, dat kanns Du och!

De „Vater unser“ ass 2000 Joer al, de Jesus huet en eis geléiert!

Dozou nach déi hei Geschicht: wann ech kleng Puppelcher deefen, da gëtt do jo och de „Vater unser“ gebiet. Et ass mer scho virkomm, datt d’Leit hiert Kand deefe gelooss hunn a si ware ganz verluer an der Kierch, fir si eng friem Welt. Am Dafgespréich war och net vill z’erreechen. Mee, d’Kand ka jo net derfir, an d’Eltere wëllen et jo gedeeft hunn. Wa mer dann irgendwou an der Ëmgéigend e Pätter oder eng Giedel fannen, déi e Firmschäin kritt, dann deefen ech d’Kand alt. A wann da beim „Vater unser“ de Papp, deen nach virdru getéint hat, hie kéint mat der Kierch näischt ufänken, wann deen da vis-à-vis vum Puppelchen oder mam Kand um Aarm probéiert ganz ongeschéckerlech de „Vater unser“ dach nach iwwert d’Ronn ze kréien, just aus Léift zu deem klengen Äerdewiermchen, do soen ech Iech, léif Leit, dat si ganz ergräifend Momenter, do ass Gott ganz no, da kréien ech meeschtens d’An naass an e Bremsklotz an d’Strass an ech kréien dann de „Vater unser“ och net zu Enn ouni ze tuddelen. Wéi soll dëst onbeholleft Gebiet dee grousse Gott net beréieren, wou et mech Klengdéierenziichter scho kritt?

  • Gebieder opsoen, dat ass dat eent. Mam Herrgott esou wéi mat engem gudde Frënd schwätzen, dat ass en anert, dat huet d’Thérèse vun Avila eis geléiert.
    Schwätz mat Gott, erziel him vun Dir, vun denge Leit, vun denger Krankheet, denger Freed an dengem Misär. Hie weess zwar schonn alles, ier s Du mat Bieden ufänks, mee et deet Dir selwer gutt bis an déck Zéif, wann s Du et soe kanns.
  • Ech kann och wéi an der russescher Kierch bieden, ëmmer dee selwechte Saz widderhuelen: „Här Jesus Christus, hief Erbaarme mat mir.“ Déi orthodox Chrëschte bieden esou e kuerzt Gebiet 100, 500 oder e puer 1000 mol hannereneen. Wann een owes driwwer aschléift, dann erwächt ee mueres, an da kënnt d’Gebiet automatesch erëm, wéi wann der d’ganz Nuecht am Schloof gebiet hätt. Dofir gëtt et och „immerwährendes Jesusgebet“ genannt.
  • Ech kann och Geschichten aus der Bibel huelen a si a menge Gedanken nospillen. Dir kënnt dat och maachen, esou wéi wann Dir selwer zur biblescher Zäit derbäi gewiescht wiert.
  • Mir kënnen eis och roueg anzwousch hisëtzen, knéien oder leeën a soen: „Herrgott, hei sinn ech!“ an dann näischt méi – einfach viru Gott existéieren. Heiansdo bleift engem och näischt anescht iwwereg. Ech wëll bieden, an et kënnt näischt oder et komme Gedanken un honnerterlee Saachen. „Ich war zerstreut im Beten!“ Mee haalt Iech elo un: ech soen Iech, dat ass och gebiet. Esouguer wann s Du e Liewe laang spraachlos virum Herrgott bleifs, hues Du e Liewe laang gutt gebiet. Et sinn der, déi soen, datt Gebiet ouni Wierder, dat héichst ass, mee, ech mengen si sinn all gutt.

Gebiet ass keng Leeschtung, et gëtt kee Rendement gefrot, keng Zäitmooss a keng Säitenzuel, all Gebiet ass gutt.

Just bei enger Saach solls Du oppassen, dat ass en egoïstescht Gebiet; net elo, dass ech näischt fir mech selwer froen dierf, dat ass alles ok, mee opgepasst, datt ech net mengen: „Well ech bieden, ginn ech besser wéi di aner!“ „Wat hunn ech dach eng grouss Gebietsexperienz vis-à-vis vun deenen aneren!“

Wa mer déi Gedanke kommen, an ech brätze mech mat dem Gebiet, viru mir selwer oder esouguer virun aneren, dann hat ech mech selwer ugebiet, an dat ass net den Zweck vun der Saach. All Gebiet ass gutt a richteg, wann et aus engem fräien Häerz kënnt. Et gëtt keen aneren, dee manner gutt biet, ewéi s Du an ewéi ech.

Bieden ass net komplizéiert an och net geféierlech, pass just op, datt s Du Dech net selwer ubiets, mee datt Gottes- a Nächsteléift Trompkaarte sinn.

An deem Sënn bieden ech: Bleif bei eis Här!

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu