lb fr pt en
Jahr B (2020-2021)  
1. Abrëll 2021

« Maacht dëst als mäin Undenken »

Kommentar fir Gréngendonneschdeg vum Charel Bremer (1.4.2021)

Léif Schwësteren an Bridder,

dës Wieder aus der Helleger Massfeier kenne mir all gutt. Et ass den Schlusssaz vun den Wandlungswierder, déi den Priister an all Massféier seet. Et sinn d’Wierder déi den Jesus sengen Frënn um Virowend vun sengem Doud gesot huet an si domadder opfuerdert säin Liewen an Stierwen op déi Aart a Weis ze commemoréieren.

Den Jesus hannerléisst hinnen säin Testament. Hien wëll dass dat gemaach gëtt, jo weidergefouert gëtt. Duerch des Konkret Handlung ass hien vun dësem Moment aus un - an bis elo - net méi op dëser Welt ewech ze denken. Sécher hunn sengen Jünger an Jüngerinnen net direkt verstanen wat fir een groussen Opdrag si vun him krut hunn. Si selwer hunn villäicht eng Zäitchen gebrauch bis dass dësen « banalen Geste » zu engem Zentralen Moment an hirer Gemeinschaft ginn ass. Esou hunn si d’Erënnerung un den Jesus, méi Konkret, säin Leiden Stierwen an Operstoen, net nëmmen waakreg gehalen hunn - mee doduerch ëmmer nees nei vollzunn. An esou gëtt dësen memorabelen Moment - ëmmer nees reell. Den Jesus ass wierklech mëtten ënnert hinnen.

Säit deem ass eisen Här ëmmer weider an der Mëtt vun senger Kierch bliwwen. An schéinen wéi och an manner schéinen Momenter vun eiser Weltgeschicht. An friddlech Zäit, mee och wärend Kricher, Verfolgungen an Pandemien. Ëmmer nees wann déi Gleeweg sech ronderëm den Altor versammelt hunn an weider versammelen an den Priister d’Asetzungswierder seet iwwer Brout an Wäin gëtt dësen Opdrag erfëllt. Dann ass den Jesus present.

Léif Chrëschten, op Gréngen Donneschdeg erënnere mir äis dorunner wat den Jesus fir äis gemaach huet. Do wou hien Leiden an Doud op sech geholl huet, fir äis fräi ze maachen vun all Deem wat net säin Wëllen war an ass. Oft froen ech mech wat eis Eucharistiefeieren ugeet, ob dat déi Erënnerung ass, wéi hien se gewollt huet. Gleewe mer an eisen Paren nach dorunner dass hien - Jesus Christus - reell ënnert äis géigewäerteg ass? Ass dat fir äis iwwerhaapt nach verständlech wat mir Sonndes fir Sonndes an eisen Kierchen feieren. Ech wëll net soen dass mer onbedéngt een neit Verständnes zur Eucharistie brauchen, mee éischter d’Léift zur Helleger Kommioun verdéiwen sollen. D’Eucharistiefeier - Jesus Christus - soll nees zum Mëttelpunkt vun eisen Paren ginn. Seng Léift zu äis alleguerten ass esou grouss dass hien den Doud op sech geholl huet. An am Allerhellegsten Sakrament schenk hien sech ëmmer nees aus Léift zu eis - fir dass mir liewen kënnen duerch seng Léift. Wéi grouss ass dann eis Léift zu him?

Ech géif gären mat engem Saz ophalen vun engem Hellegen deen eng immens grouss Léift zur Helleger Eucharistie hat. An deen sech ganz bewosst war wat hien um Altor vun senger Kierch géif feieren. Den curé d’Ars huet et deemools sengen Parkanner op einfachster Manéier gepriedegt: « Il est là dans le Sacrement de Son amour ... »

Iech alleguerten an besonnesch mengen Matbridder een schéinen Gréngen Donneschdeg gewënscht.

Charles Bremer, Paschtouer

Charles BREMER
charles.bremer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu