lb fr pt en
Sonndesmass  
22. Abrëll 2021

„Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“

Vum 1. Oktavsonndeg un

Vun dëser Oktav un, konkret vum 1. Oktavsonndeg un, gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“.

Schonn zënter gutt engem Joer geschitt d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass um cathol.lu mat Biller. Am vergaangene Summer huet och den .dok d’Billermass iwwerholl.

A vum 1. Oktavsonndeg u gëtt och um Fernsehkanal RTL Zwee d’Sonndesmass mat Vollbild ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.

Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.

Done kënne gemaach ginn iwwer d’Fondation Sainte-Irmine (CCPL LU64 1111 7017 0305 0000) mam Vermierk „Tëleesmass“ a si steierlech ofsetzbar.

Merci fir all Gest!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu