lb fr pt en
 
17. Juli 2021

De Gedanke fir den Dag – aus dem Paschtoueschgaart (1)

Laudato Si’ – Ee flotten Impuls um Wee fir eng innovativ Pastoral

Fir vill Mënschen ass de Gaart dach wéi e klenge Paradäis, een Eck op dëser Welt, wou ech mir et tatsächlech gemittlech maachen, eng Plaz, wou kee mech esou séier fënnt an och net stéiert, een Uert wou ech zur Rou ka kommen, otmen, e gutt Buch liesen, an der Natur bieden a mech esou no engem ganze Joer mol nei zentréieren. All dat erënnert äis drun, datt den Härgott selwer am Buch Genesis de Mënsch an de Gaart vum Liewe gestallt huet, fir datt hien e bebaut a versuergt.

Op ville Plazen, och an eisem Land, gëtt et eng Partie schéi Gäert. Si hu sech entwéckelt an dat besonnesch och a Corona-Zäiten, wou d’Mënsche méi doheem waren a méi Zäit haten, fir hire Gaart ze botzen, ze fleegen an ze beplanzen.

De Marco Wehles, Paschtouer an der Par Öewersauer Saint-Pirmin, huet scho méi laang ee ganz besonnesche Gaart bei sengem Paschtoueschhaus zu Eschduerf. Dës Plaz ass voller Liewen: Blummen a Straicher, Dëmpelen an Hecken, Symboler a biblesch Impulser. Jo, an dësem Gaart gëtt et vill heemlech Ecken, fir sech ze sëtzen an ze bleiwen, eleng oder och vläicht mat aneren. Wien an dëse Gaart op Besuch kënnt, gëtt vun enger ganz besonnescher Plaz iwwerrascht, eng Plaz fir Vakanz ze maachen. Mir wënschen iech all mat dëse wöchentlechen Impulser vum Marco Wehles, Paschtouer, a Stéphanie Kasel, Pastoralreferentin an der Par Öewersauer, eng gutt Auszäit. An deenen Éisleker ee ganz grousse Merci fir hir originell Iddi!

Renée SCHMIT
renee.schmit@cathol.lu

Directrice du Centre de formation diocésain Jean XXIII
Déléguée épiscopale à l’Évangélisation et la Formation diocésaine

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu