lb | fr | pt | en | de |
Den Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ huet dem Här Äerzbëschof dat neit Markus-Evangelium iwwerreecht
Nom Matthäus-, Johannes- a Markus-Evangelium kënnt 2019 och d’Lukas-Evangelium op de Bichermaart / Erléis vum Verkaf fir d’Fondation Sainte-Irmine
Um Dënschdeg Nomëtteg huet den Abbé Claude Bache am Numm vum Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ dem Här Äerzbëschof offiziell dat neit Markus-Evangelium op Lëtzebuergesch am Bëschofshaus iwwerreecht. - Am Iwwersetzergupp sinn Claude Bache, Françoise Biver-Pettinger, Jeannot Gillen a Carine Hensgen.
Knapp aacht Méint, nodeems fir d’Oktav 2018 d’Matthäus- an d’Johannes-Evangelium als Täschebicher erauskomm sinn, ass deemno elo och D’Evangelium nom Markus um Bichermaart ze kréien. Bei der Iwwerreechung mat derbäi war ë. a. och d’Mme Gilberte Bodson, déi sech am Service Communication et Presse vum Bistum, zoustänneg fir den Drock, ëm d’Mise-en-pages vun de Bicher këmmert.
Den Abbé Claude Bache ass a senger kuerzer Usprooch op di laang Genèse vum ganze Projet, dee viru 26 Joer - am Advent 1992 - ugefaangen a mam Evangeliar 2009 en éischten Héichpunkt kannt huet, agaangen an huet un Hand vun eenzele Versen op d’Schwieregkeete vun enger geneeër Iwwersetzung aus dem Griicheschen higewisen.
Den Här Äerzbëschof huet dem Aarbechtsgrupp e grousse Merci ausgeschwat fir dës laangjäreg wäertvoll Aarbecht, déi der Pastoral e groussen Déngscht leescht an och fir d’Lëtzebuerger Sprooch wichteg ass, a sech erfreet gewisen, datt 2019 och de Lukas-Text op Lëtzebuergesch erauskomme wäert.
Bei dëser Geleeënheet gouf och e Scheck vun 350 Euro zu Gonschte vum Fonds d’avenir vun der Kierch un d’Vertrieder vun der Fondation Sainte-Irmine, di Häre Christian Descoups an Antoine Wagner, iwwerreecht; et ass dëst den Nettoerléis vum Verkaf bis elo vun den éischten zwee Evangelien op Lëtzebuergesch.
D’Markus-Evangelium kann ee (wéi d’Mt- an d’Joh-Evangelium) kréie fir 7 Euro am Service Communication et Presse vum Bistum (Tel. 44743-401, com@cathol.lu) an am Online-Handel (geschwënn och als E-Book disponibel - Präis: 5,49 Euro). Den Erléis ass op en Neits fir d’Fondation Sainte-Irmine.
- Glossar . Glossaire
- Centre de formation diocésain Jean XXIII
- Archivum
- Luxembourg School of Religion & Society
- Bicher-Rezensiounen . Recensions de livres
- Une école familiale, respectueuse des besoins de l’enfant
- Nouvelle direction à Sainte-Sophie : Madame Nicola Heckner
- Neue Leitung an der Sainte-Sophie: Frau Nicola Heckner