Ech wëll, dass dir gleewt
Kommentar zum 5. Fastensonntag des liturgischen Jahres A - Gérard Kieffer (22.03.2026)
D’Geschicht vum ‘Erwäche’ vum Lazarus erzielt vum wuel gréisste Wonner, wat de Jesus zu senger Liefzäit vollbruet huet. Si steet am Evangelium zäitlech kuerz virun der Passioun vum Jesus.
Um 5. Faaschtesonndeg geet et ëm e Gespréich vum Jesus mat enger Fra iwwer Liewen an Doud - an ëm Vertrauen.
De Lazarus vu Bethanien ass krank a seng zwou Schwësteren suergen sech ëm hien. Si hunn dofir nom Jesus geschéckt an him soe gelooss: « Här, kuck, de Lazarus, deen s du gär hues, ass krank. » Wéi de Jesus dat héieren huet, sot hien: « Seng Krankheet féiert net zum Doud, ma se ass do wéinst dem Herrgott senger Herrlechkeet, fir datt dem Herrgott säi Jong duerch si verherrlecht gëtt. »
Dat kléngt wéineg sensibel an et kann een sech froen, wat doru gerecht sollt sinn. Do gëtt een instrumentaliséiert, fir dass en aneren verherrlecht ka ginn …?
De Johannes seet heiriwwer näischt. Hien wëll manner eppes iwwer de Lazarus soen, mais villméi eleng eppes iwwer de Jesus.
De Jesus kënnt also (4 Deeg nom Doud vum Lazarus!) op d’Plaz a muss sech soe loossen: « Här, wann s Du hei gewiescht wäers, da wär mäi Brudder net gestuerwen. » De Jesus äntwert: « Däi Brudder steet nees op. » an « Ech sinn d’Operstéiung an d’Liewen: Wien u mech gleeft, dee lieft, och nodeems hie gestuerwen ass, a jidder een, dee lieft an u mech gleeft, dee stierft an all Éiwegkeet net. » Dass de Jesus eréischt e puer Deeg nom Dout vum Lazarus op d’Plaz kënnt, kann een och esou verstoen, dass soll kloer gemaach ginn, dass den Dout zwar endgülteg ass, mee de Jesus d’Muecht vu sengem Papp huet, den Dout ze iwwerwannen. « Ech sinn d’Operstéiung an d’Liewen. Wien um mech gleeft, dee lieft, och nodeems hie gestuerwen ass. »
« Gleefs du dat? »
Leschtendlech riicht de Jesus dës Fro net nëmmen un d’Marta, mais u jiddereen, deen den Text liest oder dës Wieder héiert.
D’Marta awer vertraut op d’Operstéiung. Si kann op d’Operstéiung vertrauen, well si dem Jesus vertraut, well de Jesus e Frënd fir si war a well de Jesus e Bezéiungsmënsch war. Opriichteg an éierlech awer mat Tréinen steet hien beim Graf vu sengem Frënd. Vertrauen erweist sech hei op e Neits als eng vun de Gronddimensioune vun eisem Glawen.
D’Geschicht vum ‘wakreg maache’ vum Lazarus ass e verständlecht Zeeche fir eise Glawen a wat de Jesus wëll. Hie wëll kee Wonnerheeler oder Zauberer sinn. Hie wëll mam Lazarus weisen, dass hien, dee Muecht iwwer d’Liewen hei op der Äerd huet, grad d’Muecht huet, den Doud esou ze iwwerwannen, dass d’Liewen dat läscht Wuert behält.An dëser Geschicht geet et ëm de mächtegen a nët ëm de léiwe Jesus, deen Bezéiung ophëllt.
Fir d’Zukunft, och fir d’Zukunft vun der Kierch, ass et entscheedend, a wéi engem Mooss mir als Chrëschten vertrauenswierdeg Zeien vun der Operstéiung wäerte sinn oder wéi eng Äntwert mir op d’Fro vu virdrun hunn: Gleefs du dat?.