Béides - alles zu senger Zäit
Kommentar zum 16. Sonndeg am Kierchejoer vum Gérard Kieffer (20.07.2025)
D’Evangelium vun dësem Sonndeg erzielt eng kuerz Statioun vum Jesus um Wee fir op Jerusalem. D’Martha wunnt mat hirer Schwëster zesummen an engem Haus. Si hëlt d’Initiativ fir de Jesus bei si ze invitéieren. Dozou gehéiert Courage, well si schéngt sech keng Gedanken drëm ze maachen, wat d’Nopere soen, wann si e Mann bei sech an d’Haus invitéiert.
Zwou Saache falen op: Kaum ass de Jesus am Haus, këmmert d’Martha sech nëmmen nach ëm d’Virbereedunge fir d’Iessen an ass sécher e bësse gestresst, si war ganz mat e sëllegen Déngschter beschäftegt. Wärend deems setzt hir Schwëster Maria sech bei dem Här seng Féiss a lauschtert him no.
Déi zwou ‘Aktivitéite’ sinn am Fong wäertvoll a wichteg, mee de Jesus ënnersträicht dat, wat fir hie wesentlech ass. Hien seet, dass nëmmen eppes néideg ass: d’Lauschteren op säi Wuert, also dat, wat d’Maria mécht. Dat heescht awer net, dass dat, wat d’Martha mécht onwichteg ass, mee dass d’Lauschteren an déi perséinlech Bezéiung zu him Prioritéit huet.
De Jesus huet an dëser Erzielung net ewechgekuckt, wéi hie mam Maria geschwat huet. Hien hat d’Martha déi ganzen Zäit am Bléck. Hir Suerg, hir Méi an hir Iwwerlaaschtung. Jo och hiren Ierger iwwer hir Schwëster, déi scheinbar näischt hëlleft. Hien mécht dem Martha kee Virworf. Si schéngt gefaange vun hirer Suerg ëm déi vill kleng Saachen, ëm déi si sech këmmere muss. Mee si verpasst och d’Chance, déi si duerch d’Invitatioun vum Jesus an hiert Haus kritt huet: si kéint eppes léiere fir d’Liewen.
Op der anerer Säit hätt d’Maria warscheinlech net de selwechte Courage gehat, de Jesus bei sech ze invitéieren. Esou ergänzen sech déi zwou Schwësteren.
D’Erzielung soll net dozou déngen, déi eng Liewensweis iwwer déi aner ze stellen. Et gëtt villméi däitlech, dass et ënnerschiddlech Beruffungen an Liewesweeër gëtt, awer, dass d’Bezéiung zu Gott ëmmer am Mëttelpunkt sollt stoen. Wann d’Fro also ass: « Martha oder Maria? - Aktivitéit oder Gebiet? - da wär déi richteg Äntwert: béides - an alles zu senger Zäit.
De Malaise, deen hei beschriwwe gëtt, hätt och kënne vermidde ginn, wann d’Martha sech direkt un hir Schwëster Maria geriicht an hir gesot hätt: « Kanns du mir hëllefen? » a net zum Jesus soen: « So hir dach,… ». Villäicht hätt de Jesus och eng Hand mat ugepaakt an iwwer der Aarbecht sech mat den zwou Schwësteren ënnerhale kënnen.
Villäicht ass Iech dat och schonn opgefall, wéi der Gäscht invitéiert hutt: obwuel Dir eng flott grouss Stuff hutt, drécken sech d’Leit an der Kiche mat engem Glas an der Hand a babbelen an et muss een se praktesch op den Dësch komplimentéieren, fir dass se sech setze wann d’Iesse fäerdeg ass. Am flottsten ass et do, wou gewierkelt gëtt an een am Gespréich dobäi ass.
D’Erzielung fuerdert eis eraus am Alldag Prioritéiten ze setzen an eis net vun deem, wat wierklech wichteg ass, ofbréngen ze loossen. Et geet net drëm fir d’Martha géint d’Maria auszespillen, mee villméi eng Balance tëscht Aktivitéit/Engagement a Besënnung ze fannen an ze versichen, Gott méi no ze kommen.