Skip to main content Skip to page footer

Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral

De Kardinol Jean-Claude Hollerich invitéiert fir um feierlechen "Te Deum" an der Kathedral deelzehuelen.

Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, d’Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden. De Gottesdéngscht, dee mat engem multireliéise Gebiet ageleet gëtt, ass op Nationalfeierdag, dënschdes, den 23. Juni 2026, um 16.30 Auer.
 
Aus organisatoresche Grënn gëtt gebieden, tëscht 15.30 a spéitstens 16.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen. D’Entrée fir de Public ass dëst Joer nëmme via den Agang Boulevard Roosevelt.

Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat

Rezentes am Archiv

Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral

Sainte Julienne de Cornillon et l’institution de la Fête-Dieu

Opstellung fir d'Schlussprëssessioun - Organisation de la procession de clôture de l'Octave

Le Rosaire de Marie ou le Mystère du Christ