Wonner ginn et kéng. Mee Moschterkären…
Sonntagskommentar zum 27. Sonntag im Lesejahr C - Sr Clara-Martine Regenwetter osb (05.10.2025)
Rezent huet Les Lueurs en Interviewsextrait mam Amélie Nothomb, der belscher, erfollegräicher Schrëftstellerin publizéiert, an deem si seet: „Je ne crois pas du tout au talent. (...) Je crois surtout au désir. Je crois que ce qu'on appelle le talent, c'est l'intensité du désir. (...) Vous vous demandez jusqu'où vous êtes capable d'aller, pour vivre votre désir. Et si la réponse est: mais jusqu'au bout ! Alors forcément, du talent vous en aurez“.
Dës Affirmatioun huet mech interpelléiert, par Rapport zur Ausso vum Jesus haut am Evangelium: Wann der e Glawen hätt, grouss wéi e Moschterkär, dann hätt der dësem Bam gesot: „entwuerzel dech a planz dech an d'Mier“, an en hätt iech gefollegt. (Lk 17,6)
Esou wéi d'Amélie Nothomb net un Talent gleeft, gleewen ech net u Wonner. U Wonner als eng Realitéit, déi een einfach kéint ofruffen an déi sech da realiséiert. Wéi e Blëtz dee vum Himmel fält, d'Welt déi sech aus hiren Aangelen hieft an op eemol ass alles gutt. Mee ech gleewen un d'Intensitéit vum Wonsch, vun der Sehnsucht no Gott a senger Léift.
An der 1. Liesung héiere mir de Prophéit Habakuk, deen um Enn war : e konnt d'Gewalt, de Krich an d'Leed ronderëm sech net méi erdroen. En huet sech muechtlos gefillt a konnt net verstoen, wisou Gott net agräift. Zu senger Zäit goufen et souwuel enorm sozial Ongerechtegkeete wéi och gewaltsam Iwwerfäll vun de Groussmuechte ronderëm. Hien huet zu Gott gejaut an Hie quasi gefrot sech ze rechtfertegen, wisou Hien him dat ze erdroe gëtt. Ech denken an eiser globaliséierter Welt, wou mer Kricher a Grausamkeete ronderëm d'Auer an den Noriichte gesinn, an och heiheem genuch Ongerechtegkeete sinn, ass säi Kreesch eis net onbekannt.
An den Habakuk kritt vu Gott eng Äntwert an der een d'ganz Pädagogik vu Gott kann erkennen. Hie stellt en un, eng Visioun vun der Erfëllung a klorer Aart a Weis op ze schreiwen, fir datt een se ëmmer erëm ka liesen, an der Zäit déi vergoe wäert, bis datt se sech komplett realiséiert huet. Gott betount, datt si sech op onerschütterlech Aart a Weis a mat Sécherheet wäert realiséieren, och wann et dauert.
Och do si mir dem Habakuk ganz no: mir hunn d'Schrëft, déi eis all Dag erëm Gottes Léift a Präsenz verséchert. A mir kennen decidéieren, dem Wonsch no Senger Léift méi Wichtegkeet an eisem Liewen z'accordéieren, wéi all deem wat schlecht ass op eiser Welt. Net fir eis an enger cosy Bull ze verbarrikadéieren. Mee fir an eis dee Moschterkär, genannt Glawen, wuessen ze loossen. Virbiller an deem Beräich ginn et genuch, spontan fale mer de Michael Lapsley an d'Maggy Barankitse an, déi alle béid schro Gewalt erlieft hunn an déi kloer affirméieren: „la haine n'aura pas le dernier mot“. [1]
De Moschterkär, wiisst, e léisst eis eens gi mat Gottes Léift an dann entstinn aus der Sehnsucht no Gott déi wierklech Wonner: kléng Gesten an Attituden am Alldag, déi den Ënnerscheed maachen an den Ufank vun eppes Groussem sinn. Dat alles kann no näischt ausgesinn, mee de Jesus huet och d'Räich Gottes mat engem Moschterkär verglach (Lk 13,18-19). De Moschterkär ass mini, mee d'Planz deent sech ganz séier aus an ass quasi invasiv, wéi Onkraut ass se kaum kléng ze kréien. Genausou wier et op eiser Welt, wann de Wonsch no Gott a senger Léift géing Iwwerhand huelen. Jidderee kann haut bei sech ufänken oder weiderfueren a kucke wat an him a ronderëm geschitt ...